Nei bei Editions Guy Binsfeld: Onméiglech Geschichte vum Guy Rewenig

„Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk“

Dem Guy Rewenig seng neiste Publikatioun mam wuel onméiglechsten Titel, deen ee Buch jee gesinn huet, verbéit d’Realitéit no allen Normen a léisst keen A dréchen a keng Séil onberéiert. Et si Geschichten, déi aus dem Liewe gräifen an ad absurdum gedriwwe ginn, mee sinn se wierklech esou absurd, oder stécht net awer ee Kär Wourecht dran?

Onméiglech si meeschtens d’Liewensëmstänn, mat deenen d’Personnagen an d’Figure sech erëmklappe mussen. Dat féiert dacks zu klengkaréiertem Gestruewels a Gestreits, heiansdo awer och poulriicht zu ganz komplizéierten oder absurden Entwécklungen. Ganz nom programmatesche Saz vum Janosch: „Mat enger schéiner Lige lieft et sech besser wéi mat enger schlechter Wouerecht.“

Hei nëmmen e puer Elementer aus dem Guy Rewenig sengen néng onméigleche Geschichten: E Museksdozent, dee vun engem Dag op deen anere seng Identitéit verléiert; eng Rebellioun am Shoppingzenter; eng Koppel op enger geféierlecher Expeditioun an d’Éislek; en Autosfestival an däischteren Zäiten; eng problematesch Vakanz um Vierwaldstätterséi; eng grouss Léift ouni Perspektiv; en Abléck an e Lëtzebuerger Vollekssport; en Debakel an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg; en Herkull, dee sech am Schoulministère onbeléift mécht. An nach vill méi Onméigleches gëtt et an dësen onméigleche Geschichten.

Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk
© Peuky Barone

Den Auteur

De Guy Rewenig ass 1947 zu Lëtzebuerg gebuer a lieft zu Nouspelt. Hie schreift an den dräi Landessprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Säi Repertoire reecht vun Erzielungen, Geschichten, Romaner a Lyrik iwwer Texter fir Kanner bis zu Theaterstécker, Cabaret an Essayistik. De Guy Rewenig gëllt als de Begrënner vum neie lëtzebuergesche Roman.

Bei den éditions guy binsfeld erauskomm sinn: Ein unwiderstehliches Land (1986), Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen (2015), Your heart of ice is hot as vice (2016), Comment blanchir les bêtes noires sans les faire rougir (2017), Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns (2017) an Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch (2020).

Detailer zum Buch

  • Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk – Onméiglech Geschichten
  • 304 Säiten
  • 110 x 170 mm
  • Gebonne mat Schutzëmschlag a Liesbändchen
  • ISBN 978-99959-42-80-9
Dernières nouvelles