Netflixtipp: Haus des Geldes – d’Finall

D’Geschicht vun de spuenesche Raiber, déi d’Goldreserve vun der Nationalbank klaue wëllen, ass eriwwer. Leider huet d’Serie d’Finall erreecht, ma et kann ee wuel soen, datt si alles dofir ginn hunn. Déi lescht Folge konnten der ganzer Serie nach emol e besonnesche Charakter schenken.

Wien elo fäert et géing erëm esou vill ronderëm geballert ginn, ewéi an der leschter Staffel, deen iert sech. Et gouf zu Onrecht gefaart, d’Geschicht géing onnéideg an d’Längt gezu ginn.

Elo ass et net nëmmen ee Kaz a Maus-Spill mat der Police. Réckblécker an d’Vergaangenheet suerge fir emotiounsgeluede Momenter bei de Spectateuren. Och perséinlech Entwécklunge vereinfachen d’Saach net. Dës Kombinatioun huet Millioune vu Spectateuren un de Bildschierm gelackelt. Mëttlerweil ass Haus des Geldes eng vun den erfollegräichste Serië weltwäit. An dat zu Recht.

Zur Erënnerung: Ee genialen, awer liicht verpeilten Professer plangt mat enger ausgewielten Ekipp vu Raiber dee gréisste Coup an der Geschicht.

Och wann elo Schluss mam Professer, senge Pläng a senger Ekipp ass – et gëtt eng positiv Noriicht.

« Alles gëtt gutt. »

Déif Ablécker an d’Familljegeschicht suerge fir Ofwiesslung an erklären ausféierlech, firwat de Professer dëse Coup onbedéngt wëll meeschteren. Et ass een Hommage un d’Famill. D’Raiber stiechen nach ëmmer an der Bank fest, d’Militär huet de Kommando iwwerholl an et ginn Doudesfäll ze betraueren.

Eng weider Fro, déi sech stellt ass, ewéi een d’Gold aus der Bank transportéiert kritt. Et ass eng mënschlech Erausfuerderung a gesonde Mënscheverstand wäert schonn fir déi richteg Léisung suergen. Oder? Schlussendlech stellt sech eraus, datt net d’Protagonisten d’Haaptroll vun der Serie sinn. Et ass d’Gold selwer.

Wien de Finanzsystem versteet, kann domat spillen a Vollekswirtschaften stierzen. Oder ee Kollaps op der Bourse verhënneren. D’Zukunft vun engem ganze Land hänkt an deem Moment um seidene Fuedem. An d’Vollek klappt an d’Hänn.

Och wann dës Aventure elo eriwwer ass – et gouf schonn confirméiert, datt de charismatesche Charakter « Berlin » säin eegene Spin-off op Netflix wäert kréien.

Dernières nouvelles