Eisen ausserierdeschen Held

Den amerikanesche Science-Fiction Film E.T vum bekannte Regisseur Steven Spielberg ass haut viru 37 Joer an déi däitsch Kinoe komm. An och elo zielt en nach zu den erfollegräichste Filmer aller Zäiten.

Zemools ëm d’Chrëschtdagszäit leeft déi emotiounsgelueden Handlung a sou muncher Stuff a suergt fir Tréinen an den Aen.

Dobäi handelt sech eigentlech nëmmen ëm eng typesch, kleng amerikanesch Famill – hätt dee klengen Elliott keng grouss Entdeckung gemaach. Hien mécht d’Bekanntschaft mat engem klenge, frëndlechen an och ängschtlechen Ausserierdeschen, dee sech wuel verluer huet. Seng Kameroden hunn hien an der Hektik um Planéit Äerd vergiess.

Déi zwee entwéckelen eng déif Frëndschaft zoueneen, sou hunn si dach vill Gemeinsamkeeten. Si fillen sech allen zwee eleng. Mat der Zäit léiert den E.T net nëmmen déi mënschlech Sprooch, mee och de Rescht vum Elliott senger Famill kennen. Allerdéngs ass d’Verlaangen zu senger Heemecht grouss – dëst dréckt hie mat deem berüümte Saz aus, datt hien „heem uruffe“ wëll.

Nodeems erauskënnt, datt dee klengen Ausserierdeschen och speziell Fäegkeeten huet, deet d‘Famill sech zesummen an hëlleft him ee funktiounsfäegen Apparat zesummenzebauen.

Mee d‘Zäit leeft hinne fort, Wëssenschaftler sinn dem E.T net nëmmen op der Spuer, si setzen hien esou wéi déi ganz Famill a Quarantän.

Schonn eleng wann een un de Film denkt, këddelt en allerlee ënnerschiddlech Emotiounen an engem waakreg. Et fillt ee sech mat de Protagoniste verluer, och d‘Doudesangscht ass scho bal mat de Fangere gräifbar.

An den haitege Science-Filmer sinn d‘Ausserierdesch dacks d‘Feinden oder d‘Retter vun der Mënschheet. Bei dësem Klassiker ass et anescht. De Film erënnert eis drun, ewéi et ass Matgefill ze hunn a Mënschlechkeet ze weisen. Famill ass wichteg – an de Film ass eng schéin Erënnerung dorun.

Dernières nouvelles