Bëscher bidde Liewensraum fir zuelräich Déieren a Planzen, erweise sech als Erhuelungsraum fir de Mënsch an droen e wesentlechen Deel zu engem gudden Ekosystem bäi. Tëscht Bierden a Pëtschent ginn esou op engem kalen Terrain vu 37 Hektar ganzer 89.000 Beem gesat. Gëschter gouf déi éischt Planzaktioun mat Hëllef vu Kleng a Grouss organiséiert.
An der Gemeng Ierpeldeng un der Sauer goufen esou d’Kanner aus der Maison Relais Sauerschlass, Schüler aus der Akerbauschoul a Membere vum Ëmweltministère an der Naturverwaltung invitéiert, fir déi éischt Beem an der „Rëngelschleed“ ze planzen an domat de Startschoss fir eng virbildlech Initiative ze setzen.
Den Terrain, deen emol e private Bësch war a vum Proprietär komplett kal geschloe ginn ass, huet d’Gemeng am Joer 2019 kaaft. Schliisslech gouf d’Fläch un dat schonn existent Natura-2000-Gebitt („LU0001006 Vallées de la Sûre, de la Wiltz, de la Clerve et du Lëllgerbaach“) dru gehaangen, fir esou e Schutzgebitt ze kreéieren an deem Liewensraim an Aarten erhale ginn.
Fir eng grouss Diversitéit ze garantéieren huet d’Gemeng sech fir de Mëschbësch entscheet: Eechen, Ahorn, Lannen a Bichen wäerten an nächster Zäit hei en neit Doheem fannen. Zousätzlech gëtt op déi kënschtlech an natierlech Verjüngung gesat, wärend Deeler vum Bësch gewäerde gelooss ginn.
Zil ass et zum engen de Bësch vu muer ze gestalten a sech fir méi Klimaschutz anzesetzen. Schliisslech wandelen d’Beem CO2 ëm, suerge fir eng angeneem Temperatur an déi ideal Loftfiichtegkeet. Dës weideren gëtt wäertvolle Liewensraum fir Déieren a Planzen kreéiert an domat déi biologesch Diversitéit gefërdert. Zu gudder lescht profitéiert den Ekosystem: Propper Loft, proppert Waasser, Erosiounsschutz a méi Liewensqualitéit fir eis.
Finanzéiert gëtt d’Initiative duerch den nationale Klima- an Energiefong.