Covid19: Éischt- a Booster-Impfung fir Persounen ouni Ënnerdach

No der éischter Impfaktioun am Juni a Juli 2021, déi fir Persounen ouni Ënnerdaach stattfonnt huet, gouf elo den 13. a 16. Dezember eng weider Missioun duerchgefouert.

Dobäi goung et ëm déi éischt an och ëm d’Booster-Impfung. Mobil Ekippe waren op der Plaz. D’Direktioun vun der Santé, de Ministère fir Famill an Integratioun esou wéi aner Acteuren op der Plaz hunn dës Aktioun organiséiert. 

Wärend dësen zwee Deeg goufen 102 Persoune fir d’Impfung registréiert. 56 Leit kruten eng éischt Dosis BioNTech / Pfizer, Moderna oder Janssen (Johnson & Johnson). 36 Persoune kruten hier zweet Dosis an 10 Persoune kruten eng drëtt Dosis mam Impfstoff BioNTech / Pfizer oder Moderna.

Dës weideren hunn 9 Persounen dës Aktioun genotzt, fir sech géint d’Gripp impfen ze loossen. All Ekipp hat ee medezineschen Teamleeder, een administrativen a logisteschen Assistent vun der Lëtzebuerger Arméi, dem CGDIS oder vun der Douane u senger Säit.

Fir dëse Mënschen an Nout méi no ze kommen, sinn d’Ekippen an d’Raimlechkeete vum Abrigado, an d’Raimlechkeete vun der Wanteraktioun um Findel an an de Süde vum Land gaangen.

Dernières nouvelles