Zu Mäerzeg an der Industriezon huet et gebrannt

Haut de Moien, kuerz no 9 Auer koum d‘Meldung, datt et an der Industriezon zu Mäerzeg brennt.

Eng Hal, an där e puer Entreprisen hiren Ënnerdaach haten, huet Feier gefaangen. Dës haten ënnert anerem brennbar Stoffer op der Plaz gelagert. De schnellen Asaz vun de Rettungsdéngschter a 60 Persounen, déi am Asaz waren, hunn et erméiglecht, de Schued esou wäit ewéi méiglech ze begrenzen.

D‘Feier war kuerz viru Mëtteg nees ënner Kontroll. Ob et endgülteg geläscht ass, gëtt an den nächste Stonne kontrolléiert. Gréisser Blesséierter ginn et keng ze bekloen. Allerdéngs goufen 2 Persoune medezinesch behandelt. Dorënner war ee Pompjeesmann, dee gefall war.

Dernières nouvelles