Netflixtipp: Inventing Anna

D’Serie « Inventing Anna » ass zanter dem 11. Februar op Netflix disponibel. Dobäi stinn, genee ewéi beim « Tinder Schwindler » richteg Geschichten am Hannergrond. 

D’Anna bedréit. Seng Geschicht gëtt vum Shonda Rhimes erzielt – si ass och verantwortlech fir « Grey’s Anatomy » oder « Bridgerton ». D’Protagonistin Anna wéckelt jiddwereen ëm de Fanger, ënnert anerem Hoteller, Banken oder räich Geschäftsleit. Domat wëll hatt sech finanziell Virdeeler verschafen.  

Hatt gëtt och selwer vir ee Verméigen ze hunn, wat allerdéngs zu Däitschland festsëtzt. Seng Ligen fléien him iergendwann ëm d’Oueren, d’Anna gëtt verhaft. Eng Journalistin besicht hatt reegelméisseg am Prisong a probéiert esou hannert d’Kulissen ze kucken.   Wien ass d’Anna wierklech?  

D’Serie huet allerdéngs och mat Kritik ze kämpfen – et wär onverantwortlech dem Anna esou eng grouss Bün ze ginn a Muecht ze bidden. A well d’Serie op der Plaz 1 an den Top 10 vum Streamingdéngscht steet, ass him d’Opmierksamkeet op jiddwer Fall sécher. Wat ee batteren Nogeschmaach hannerléisst, ass datt d’Serie ze vill romantiséiert a soumat eventuell zu änlechen Aktiounen aluet.

Dës weidere kommen an der Serie d’Affer ze kuerz, och si hätte méi ee grousse Publikum verdéngt. Eng gutt Saach ass, datt bei all Folleg drop higewise gëtt, datt d’Geschicht real ass – ausser déi Deeler, déi erfonnt goufen.    

Dernières nouvelles