Invité vun de Chamber: d‘Entwécklung vun den Energiepräisser

D‘Präisser fir Stroum, Gas, Mazout an de Sprit hiewen of, eng Stabiliséierung ass net a Siicht

Aktualitéitsstonn an der Chamber zur Evolutioun vun den Energiepräisser: der Oppositioun ass et net gelongen d‘Koalitioun dovunner ze iwwerzeegen, datt et Moossname brauch. D‘Majoritéit ass entspaant mat den Interventiounen an de Motiounen ëmgaangen…

Et war eng länger Sëtzung déi sech mat der vun der CSV ugefroter Aktualitéitsstonn ugekënnegt hat an tatsächlech goung et eppes méi héich hir, woubäi Majoritéitskoalitioun a Regierung hunn sech hei net d‘Botter vum Brout huele gelooss. Eenegkeet hat et dann awer: keen huet gëschter behaapt, de Problem betreffend energetescher Prekaritéit wier einfach ze léisen. Wat gëtt dann elo gemaach?

De CSV-Deputéierte Gilles Roth, de Mann deen hannert dëser Aktualitéitsstonn stécht, huet mat vill Zuelen hantéiert, fir d‘Problemer – déi jo bekanntlech éischter d‘Menage mat klengem Akommes betreffen – ze exposéieren, deenen ëmmer méi Leit ausgesat sinn. Op de Mazout/Gas fir et doheem waarm ze hunn oder de Sprit fir op d‘Aarbecht ze kommen, esou lues dreet hei zolidd Ongemaach.

Säitens der ADR d‘Feststellung datt mir Europameeschter sinn ouni eppes gewonnen ze hunn, an effektiv: just bezunn op d‘Zuelen, hätt Lëtzebuerg déi gréisste Progressioun bei der Deierecht vun den Energiepräisser ze verbuchen. Déi lénk bedaueren alt nees, datt d‘Regierung keng Äntwerten op déi vill Froen huet, déi sech stellen. Zesumme mat de Piraten denoncéieren si de Manktem u politesche Courage a Mesuren, fir den Impakt vun der Präisexplosioun an de Grëff ze kréien…

D‘Majoritéit huet sech erstaunt gewisen an erënnert, datt d‘Allocatioun fir dat deiert Liewen (och als Gromperegeld bekannt) ab dem 1. Januar 2022 ëm 200 Euro ugehuewe gëtt, an et schonn zum 1. Oktober eng Indextranche hat. Zudeem hätt eng „sozial Kompenséierung vun der Karbonsteier“. Et huet dann awer och d‘Regierung opgeruff ze préiwen, ob et weider cibléiert Mesure bréicht.

Ob een, wéi dat vun der ADR duergestallt gouf, dës Karbonsteier als Booster fir d‘Präisser bei Gas, Stroum a Pëtrolsproduite kann uprangeren? Vill Bierger géifen dësen Avis deelen, an et ass richteg, datt esouwuel den Automobilsclub (ACL) wei de Konsumenteschutz (ULC) sech iwwert den Asaz vun dëser Steier iergeren. Un der Pompel mécht dës Tax bis zu 6 Eurocent aus, dat ass net näischt.

Illustratioun: © American Public Power Association / unsplash

Dernières nouvelles