Covid19 Iwwersiicht – 491 Neiinfektiounen um Mëttwoch

Mat 491 enregistréierten Neiinfektiounen um Mëttwoch ass ee wuel nach wäit vun de 595 Fäll déi de 15. Dezember 2020 gemellt goufen, an awer ass et mat 10,66% dee fir 2021 héchsten Taux deen hei opgewise gëtt. Dat gëllt och fir déi sougenannt aktiv Infektiounen, déi elo mat 3.203 Fäll, also engem Plus vu 488 Fäll géintiwwer dem Dënschdeg, genannt ginn.

Dat ass alles wuel nach kee Grond sech e Kapp ze maachen, well et schéngt een an den zoustännege Verwaltungen drop beduecht, keng onnëtz Panik ze verbreeden. Et leeft wuel net esou gutt bei den Impfunge wéi sech dat säitens der Regierung gewënscht gëtt, trotzdeem hu mir en Taux, deen derzou bäidréit, datt den Impakt op d‘Hospitalisatiounen iwwersiichtlech bleift, also Hëlleft.

Esou konnten déi lescht Deeg néng Leit d‘Spidol nees verloossen, dovunner zwee déi hate missen op der Intensivstatioun betreit ginn. Wat d‘Lag an eben de Spideeler ugeet, esou op der normaler Statioun 35 Patienten, ob der Intensivstatioun ginn nach zéng Patiente behandelt. Et ass an de leschten zwee Deeg och kee un Covid19 oder seng Folge verstuerwen, esou déi ganz gutt Nouvelle.

Déi säitens der Regierung „per Delegatioun“ weidergereechten Impfrecommandatioun huet hir Wierkung nach net ganz kënnen entfalen. Um Dënschdeg hat 581 éischt Dosen, 638 zweet Dosen an nach emol 1.489 Booster-Dosen. 441.894 Leit hu minderstens eng Dosis kritt, ronn 422.500 Leit si voll geimpft (hei ginn och déi als vollgeimpft gezielt, déi nach net déi drëtt Dosis erhalen hunn).

Illustratioun: pixabay

Dernières nouvelles