Warnstuf orange wéinst Iwwerschwemmungen

Duerch déi grouss Reenquantitéite vun de leschte Stonnen ass bei de meeschte Lëtzebuerger Flëss de Peegel geklommen. Op innondations.lu gëtt viru liichten Iwwerschwemmunge gewarnt, déi zwar keng gréisser Schiet verursaachen dierften, dofir awer d’Opmierksamkeet vu jidderengem verlaangen. Divers Stroossen waren a sinn nach ëmmer gespaart.

Duerch en Déifdrockgebitt bei Skandinavien komme fiicht Loftmassen, an domat och de Reen eriwwer. Bis haut de Mëtteg géint 15 Auer huet MétéoLux d’Warnstuf giel ausgeruff. Ma, wéinst den doduerch provozéierte Waasserquantitéiten gouf a Saachen Héichwaasser bis muer géint der Mëttegstonn d’Warnstuf orange ausgeruff.

warnstuf orange
meteolux.lu

Souwuel d’Uelzecht/Kuer, wéi och d’Sauer, d’Our an d’Syre hunn d’Meldestufe 1 erreecht oder souguer schonn iwwerschratt. Bis op e puer Ausnamen ass de staatlechen Héichwaassermeldedéngscht beim Rapport vun de Moien dovunner ausgaangen, datt de Waasserstand weider klëmmt.

„Un alle Fléissgewässer sinn entspriechend de Wiederbedéngungen an fir d’Joreszäit typesch erhéicht Waasserstänn ze beobachten“, heescht et säitens innondations.lu. Grad laanscht d’Flëss sollt ee sech virsiichteg verhalen.

Warnstuf Orange
ACL Trafic Info / Twitter

Besonnesch op de Stroossen hunn Aquaplaning, Iwwerschwemmungen an de Risiko vun Äerdrutschen fir geféierlech Konditioune gesuergt. Et koum zu blockéierten a gespaarte Stroossen, déi zum Deel scho geraumt an nees befuerbar sinn, op anere Plazen awer nach weider gespaart sinn. Op de soziale Medien hält den ACL d’Automobilisten um Lafenden zur aktueller Situatioun.


Annexe:

Dernières nouvelles