Mamer Wanter Momenter… vum 26. November bis den 2. Januar

Nodeems dat vergaangent Joer jo Pandemiebedéngt huet missen op de Chrëschtmaart, deen an der Gemeng Mamer mat der Bezeechnung „Winter Moments“ en eppes britteschen Touch operluecht kritt, missen ausfale gelooss ginn. D‘Freed ass also grouss, datt dat dëst Joer nees Stattfënnt.

Um Parking vum Mamer Schlass wéi och am Park Brill, kënnen sech also Jonk an Al nees ganz den Traditiounen higinn. De Choix dat alles „Wanter Momenter“ genannt gëtt, huet wuel eppes mam reliéisen Hannergrondgeräisch ze dinn, deen der Bezeechnung „Chrëschtmaart“ unhänglech ass. Dat ass en Tribut u sech wandelnd Zäiten, woubäi et jo u sech eigentlech primär ëm de Spaass geet.

A wat de Spaass ugeet, esou dierft dëse scho bal garantéiert sinn. Sécher de Wanter Momenter Event leeft integral ënnert dem CovidCheck Regime, mee d‘Gemeng muss jo verantwortlech an iwwerluecht virgoen. Ass jo u sech och kee Problem, mir si jo bal all geimpft an den Handy mam digitalen Zertifikat vergësst een net. Et kann een dësem schéine Fest also entspaant entgéintkucken.

Mamer

Den Highlight nieft de sëllege Buden dierft d‘Äispist sinn. Mat enger Fläch vu gutt 700M² bitt si Plaz fir bis zu 160 Persounen. D‘Notzung ass gratis, et dierf mat den eegene Schlittschong kommen, mee natierlech kann een sech der och ee Puer léinen. Wiem d‘Äispist net geleeë kënnt, den huet Alternativen: eng Rutschramp (gutt fofzeg Meter laang) an eng 400 Meter Schi-Laanglafpist.

Vergiesse mir net ze ernimmen, datt et hei nach eng riseg Kulturoffer huet. Dat de Weekend vum 3. bis 5. Dezember an de Weekend vum 10. op den 12. Dezember. Selbstverständlech huet et eppes variabel Ëffnungszäiten, firwat ee gutt beroden ass, sech de Programm emol eng Kéier a Rou unzekucken. Ënnert dem uewen agepechte Lien, kommt dir direkt an ouni Ëmwee dohinner.

Illustratioun: © Lâsma Artmane / unsplash

Dernières nouvelles