Vulkanausbroch op Java

Beim Ausbroch vum Vulkan Semeru (Indonesien) si mindestens dräizéng Affer ze bekloen

De Semeru (alias Mahameru) ass ee sougenannte Stratovulkan op der Insel Java an den héchste Bierg (3.676 Meter) vun der Insel. Et ass ee richteg aktive Vulkan. Zanter dësen 1967 fir d‘lescht ausgebrach ass, huet hien sech keng Paus méi vergënnt. An esou kënnt et da reegelméisseg zu méi staarken „Aktivitéiten“. Esou dann elo och dëse Weekend…

Säitens den Autoritéite gouf erkläert, datt de Semeru, dee säit Dezember 2020 verstäerkt ënnert Observatioun steet, rezent méi aktiv war. Den Distriktchef vu Lumajang, Thoriqul Haq huet de Kolleege vu Kompass TV géinteniwwer erkläert, datt schonn um Freideg en zolidd Ramoueren aus dem Vulkan ze héiere war. Um Samschdeg koum dunn déi erwaarte „Wollek“ an d‘Gefor.

Deen am Nationalpark Bromo-Tengger-Semeru geleeëne Vulkan huet och Lava ausgestouss, déi sech bis op 800 Meter vum Krater ausgebreet huet, erkläert den nationale Katastropheschutz, dee vill Erfarung mam „Bierg“ huet. Si hunn d‘Bevëlkerung opgeruff, sech vum Floss ewechzehalen. Schlamm-Stréim aus dem Vulkan, sougenannt Lahare kënnen Iwwerschwemmungen ausléisen

Engem éischte virsiichtege Bilan folgend, huet et wéinstens dräizéng Doudeger, ronn honnert Leit hätte Brandverletzungen erlidden. Vill Mënsche géife vermësst, Biergaarbechter sollen an engem Steebroch ageschloss sinn an d‘Rettungsdéngschter kommen einfach net bäi. Eng agestierzte Bréck an onmoosseg Schlamm-Masse behënneren den Zougang. Et wäert dauere bis dat alles gekläert ass.

mat indymedia/jkt

Dernières nouvelles