De Justizministère warnt virun Telefonsbedruch

De Moment si vill gefakten Telefonsnummeren ënnerwee, déi just een Zil hunn – de Leit d‘Suen aus der Täsch ze zéien.

An dësem Kader warnt de Justizministère nach eemol ausdrécklech virun Telefonsbedruch.

An der leschter Zäit hunn sech besuergte Bierger beim Justizministère gemellt. Dës hunn anscheinend een Uruff vu besotem Ministère kritt. Déi selwecht Arnaque ass de Moment och mat der „Police um Apparat“ ënnerwee. Dës Uriff, déi op Franséisch oder Englesch stattfannen, stamen net vum Ministère.

Dofir ass et besser virsiichteg ze sinn, wann eng onbekannten Nummer urifft. Ass um Telefon een Onbekannten, heescht et keng perséinlech oder sensibel Daten virun ze ginn. Dës weideren heescht et keng Nummeren zeréckzeruffen, déi net bekannt sinn – zemools wann se aus dem Ausland stamen. Op kee Fall op Fuerderungen oder Dreeunge reagéieren.

Am beschten ass och all Mount d‘Telefonsrechnung ze iwwerpréiwen – a bei der Police eng Plainte ze maachen, wa finanzielle Schuet entstanen ass.

Dernières nouvelles