D’Kannernouthëllef Lëtzebuerg rifft zu Spenden op

D’Kannernouthëllef Lëtzebuerg ënnerstëtzt eng lokal Partnerorganisatioun bei der moldawescher Grenzregioun zur Ukrain. Als Kannerrechtsorganisatioun appelléieren si d’Krichsparteien dréngend, d’Waffen néierzeleeën.

De Krich an der Ukrain huet déi gréisste Flüchtlingsbeweegung an de leschte Joerzéngten an Europa a Gang gesat. Et ass dramatesch a keen weess, wat nach komme wäert.

Honnertdausende vu Kanner an hier Elteren, hunn hier Heemecht hannert sech gelooss. Si versiche sich un de Grenzen zur Europäeschen Unioun an der Republik Moldau a Sécherheet ze bréngen. Dobäi hunn si Angscht, Honger an erwaarde weider Attacken. D’Onsécherheet mécht verréckt.

D’Solidaritéit mat de Geflüchten ass natierlech grouss, mee et ass eng enorm Kraaft erfuerderlech, fir all dëse Mënschen bei der Bewältegung vun hiren traumateschen Erliefnesser ze hëllefen.

D’Suerg ëm Familljememberen, déi zeréckbliwwe sinn, maachen dat net méi einfach.

Dofir ënnerstëtzt d’Kannernouthëllef hier Partnerorganisatioune finanziell. Esou kann direkt mam der psychosozialer Hëllef a Betreiung vun ukrainesche Familljen ugefaange ginn.

Dës weidere ginn an dësem Kader Nierungsmëttel, Waasser, Medikamenter, Hygieneartikele verdeelt. Och Noutënnerkonfte sinn disponibel. An der vergaangener Woch hu bal 90.000 Geflüchten déi ënnerschiddlech Grenzposte passéiert.

De moldawesche Banneministere seet, datt ongeféier d’Hallschent vun de geflüchte Persounen a Moldau bliwwwe sinn. Dat huet och ee Grond – am Westen hunn si kee Kontakt a si wëssen net wouhinner.

« Aktuell kënne mir déi global Auswierkunge vun dëser humanitärer Katastroph net ofgesinn. An dëser Noutsituatioun wëlle mir als Kannernouthëllef de geflüchte Kanner esou gutt ewéi méiglech ënnerstëtzend zur Säit stoen, » seet de Patrick Reinert, Direkter vun der Kannernouthëllef Lëtzebuerg.

Fir ze spende kënnt Dir hei klicken.

Dernières nouvelles