Wat dierf eist Iesse Kaschten?

Am Kontext vun der ëffentlecher Consultatioun zum nationale Strategieplang fir d‘Landwirtschaft, huet ee Méindeg d‘Bauerenzentral hir Siicht op d‘Saach duerzestellen. Als dee gréisste Verband, respektiv Intressevertrieder vun de Bauere, Gäertner a Wënzer, huet d‘Bauerenzentral e puer Froen un d‘Politik an d‘Konsumenten, esou wéi ee gréissere Klärungsbedarf, betreffend hir Perspektiven.

De Laurent Schüssler huet seng Interventioun genotzt fir nach emol kuerz op d‘Geschicht vun deem, wat eis haut als GAP (Gemeinsam Agrarpolitik) geleefeg ass anzegoen. De Grondgedanken hannert dëser Politik, war et direkt nom Krich sécherzestellen, datt d‘Leit ee sécheren Zougank zu Liewensmëttel hunn. En vollen Teller um Dësch sollt net méi vum Akommes ofhängeg sinn.

D‘Folleg war eng subventionéiert Landwirtschaft, firwat sech haut déi berechtegt Fro stellt: „Wat ass eis haut déi heemesch Liewensmëttelproduktioun nach wäert?“. An dësem Kontext huet de Philippe Keipes emol eng Situatiounsiwwersiicht presentéiert. Am Zäitraum vun 1990 bis 2019 ass d‘Zuel vun de landwirtschaftleche Betriber vu ronn 3.800 op ënner 1.900 zeréckgaangen.

Och bei der Wirtschaftlechkeet huet et zolidd Ofstrécher. Wann dat mediaant Joresakommes bei eis am Land bei ronn 49.500 Euro geleeën ass, esou läit dëst beim Bauer éischter bei 36.900 Euro. An dat bei stänneg weidere Fuerderungen an Oplagen… Dat huet zolidd Konsequenzen: d‘Jugend kritt een esou net motivéiert e Betrib ze iwwerhuelen, an eis Landwirt kommen esou lues an den Alter.

Ee schlecht Gewëssen hëlleft kengem

Unhand den Zuele gëtt zugläich ersiichtlech, datt et an dësem Tempo mat der Selbstversuergung zäitno wäert eriwwer sinn a mir eis als Land ëmmer weider an Ofhängegkeete beginn, déi eis um Enn wäerte méi deier ze stoe kommen, wéi eng vernënfteg Gratifikatioun vun der Aarbecht an den Déngschter vun eise Landwirt, Gäertner a Wënzer elo nach kaschte géif. Amplaz dat unzehuelen an den ëffentlechen Debat op den Erhalt vun der Landwirtschaft ze lenken, gëtt et just Kritik.

Tatsächlech gëtt d‘Landwirtschaft als „ee vun de Verursaacher vum Klimawandel“ un de Pranger gestallt. Datt d‘Baueren allerdéngs déi éischten Affer vum Klimawandel sinn, dat gëtt hei bewosst vun der Politik ënnerschloen. Ob aus Angscht virun der eegener Inkompetenz oder aus Proximitéit zu de mächtegen Agrar-Lobbyisten, dat dierf jidderee vir sech entscheeden. Mir sollten eis awer do scho bewosst sinn, datt esouguer ee „konventionelle“ Bauer, säin Ëmweltpatrimoine beschützt.

Bauerenzentral
De Chrsitian Wester (op sengem Haff gouf d‘Pressekonferenz ofgehalen) an de Guy Feyder hunn an hiren Interventiounen nach emol verständlech gemaach, dat d‘Landwirtschaft eng vun de primären Industrien ass, déi den CO² aus der Loft erausfiltert. Europa investéiert trotzdeem léiwer d‘Geld a fossil Energien. © Martine de Lagardère / moien.lu

Firwat dann elo an dësem nationale Strategieplang fir d‘Landwirtschaft, nieft der berechtegter Kritik kaum ee (fir net ze soe guer kee) Wuert zu de positiven Aspekter vun der Landwirtschaft huet, sollt een d‘Ouere spëtzen doen. Fakt ass dat landwirtschaftlech Notzfläche CO² bannen. Op Akerbiedem sinn dat bis 95 To/Hektar, bei Gréngland (Weeden) esouguer iwwer 180 To/Hektar. A Lëtzebuerg ass ee sougenannte Grénglandstanduert. Firwat dat net erwäänt gëtt, versteet keen.

Zesummenhalt wier dee besser Wee

Datt se bei der Bauerenzentral elo fuerderen, datt am Strategieplang soll festgehale ginn, datt landwirtschaftlech genotzte Biedem de Klima Schützen ass dat eent, datt een all déi Efforte vun de landwirtschaftleche Betriber och sollt (finanziell) honoréieren dat anert. Oplage géint schiedlech Emissiounen si ganz an de Rei, mee dat setzt viraus, datt een dës och finanziell gedroe kritt.

Eis landwirtschaftlech Betriber hunn en Urecht drop, datt all déi ekologesch Mesuren, déi am nationale Strategieplang fir d‘Landwirtschaft opgegraff ginn, esou breet opgestallt ginn, datt sech all d‘Betriber dës och leeschte kënnen. Schonn elo ass et esou, datt déi ganz Oplagen a Verbueter, d‘Ofhängegkeet vun den Ënnerstëtzungen a Subventiounen ëmmer méi grouss mécht.

Ee weidere Problem ergëtt sech doduerch, datt dank GAP kaum ee Betrib (d‘Konzerner hunn do aner Méiglechkeeten) Planungssécherheet huet. Dat huet folgende Kontext: nei Oplage verlaangen nei Investitiounen, déi iwwer Kreditter musse gedeckelt ginn. Do huet et Lafzäite vu bis zu 20 Joer. Wann awer Reegelen all puer Joer änneren, geet et sech hanne a vir, finanziell net méi op…

Natierlech begréisst d‘Bauerenzentral och weiderhin, datt de Jonken „Hëllefen an Aussicht gestallt“ ginn, well d‘Landwirtschaft brauch neit Blutt. Et sollt awer sougenannt „Quereinsteiger“ gehollef ginn, also Mënschen déi de Courage aus hirer Komfortzon auszebriechen, an nei Weeër beschreide wëllen. Hei huet allerdéngs net nëmmen d‘Politik Verantwortung, déi betrëfft och de Konsument.

Foto: De Philippe Keipes vun der Bauerenzentral, géif et zudeem begréissen, wann et bei den Entrevuen tatsächlech en Dialog hätt, an engem net nëmmen de Wee virgezeechent gëtt, deen d‘Landwirt dreet an zolidd Schwieregkeeten ze bréngen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Dernières nouvelles