Alles Guddes, Kiefer Sutherland!

Säin Numm war fir eng laang Zäit Bauer. Jack Bauer. An allkéiers hat hien säi längsten Dag vum Liewen.

Haut feiert de Schauspiller Kiefer Sutherland seng 55 Joer. Mat der Serie « 24 », déi 8 Staffele laang gelaf ass, huet hien a senger Roll vum Federal Agent, Masse vu Spectateuren un de Bildschierm gefesselt. D’Roll huet bei hie gepasst – an d’Aarbecht war net grad einfach.

An der drëtter Staffel huet de Jack Bauer sech een Tattoo stieche gelooss, ma fir déi opwenneg a laang Maskenzäiten all Dag ze evitéieren, huet de Kiefer Sutherland dat selwecht gemaach.

Fir dës Serie huet hien iwwregens méi Nominéierungen erhalen, ewéi fir all seng aner Rollen. Am Joer 2006 krut hien een Emmy.

Unerkennung ass natierlech schéin a gutt, mee säin Akommes ass och net esou iwwel. Domat kann ee liewen. Natierlech ass de Kiefer Sutherland och mat engem Stär um berüümte Walk of Fame vertrueden. A mat sengem Papp Donald Sutherland huet hien eng staark Perséinlechkeet un der Säit, déi munchmol sécher och ee gudde Rot fir hien huet.

Eng vu sengen éischte Rollen huet hien an der Stephen King-Verfilmung ‘Stand by me » gespillt. Hei war hien éischter den Antagonist, deen den anere Jugendlecher d’Liewe schwéier gemaach huet a se iwwertrompe wollt.

Leider koumen no der Serie « 24 » keng gutt Offere méi – an de Präis am Joer 2015 vun der Gëllener Hammbier » als schlechten Niewenschauspiller am Fim « Pompeii » schwätzt fir sech. Mee och doraus huet de Kiefer Sutherland eppes Guddes gemaach. Esou hat hie méi Zäit sech senger zweeter Passioun, der Musek ze widmen. Säin zweeten Album « Reckless & Me » huet sech 9 Woche laang an de brittesche Charts gehalen. Seng Europa-Toure sinn dacks ausverkaf.

Fans vum Kiefer Sutherland hunn d’Méiglechkeet seng leschte Serie « Designated Survivor » op Netflix ze suchten. Do spillt hien no enger Terrorattack den neie Präsident vun den USA.

Natierlech muss hien sech mat allerlee Intrigen a Bedreeungen ausernee setzen.

Dernières nouvelles