Covid-19: D’Phas 3 gouf an de Klinicken ageleet

D’Zuele vun den u Covid-19 Infizéierte klamme kontinuéierlech. Elo huet déi national Krisenzell reagéiert an d’Phas 3 an de Klinicken ageleet.

An dëser drëtter Phas geet et ëm déi héich Besetzungsquot vu Reanimatioun- an Intensivbetter duerch Patiente mam Covid-19-Virus. Dës weidere gi bestëmmte geplangten Operatiounen ofgesot.

Dobäi probéieren déi véier Klinicken (CHL, Chem, CHdN an HRS) hier Pläng, vun net dréngenden Operatiounen esou wäit ewéi et méiglech ass, ze optiméieren. Et kann also net ausgeschloss ginn, datt bestëmmten Operatiounen ofgesot ginn, wann dës keen direkten Impakt op d’Gesondheet vum Patient hunn.

Dréngend a wichteg Interventioune ginn op jiddwer Fall oprechterhalen.

Dernières nouvelles