Koa verëffentlecht Zuelungen u Kakaosbauere mat Blockchain

Domat schafft Kao mat méi Transparenz am Kakaosekteur.

De Startup lancéiert ee System, wat mat Blockchain Bezuelungen a méi een héicht Akommes fir Kakaosbaueren noweist.

Zesumme mat der Entreprise seedtrace aus Däitschland a MTN Group aus Südafrika huet Koa een neit, fälschungsséchert a skaléierbaart Transparenzsystem entwéckelt, wat d’Zuelungen u Klengbaueren opzeechent.

Mobil Geldtransaktioune ginn an Echtzäit verifizéiert an op enger Blockchain gespäichert. D’Bezuelunge sinn ëffentlech zougänglech, wouduerch si sech vun aneren Zertifizéierungen ënnerscheeden an de Konsumenten de Beweis direkt liwwert, datt d’Baueren hiert Geld wierklech kruten.

An de leschte Joerzéngten huet d’Aarmut de Kakaosbaueren a Skandaler an de Liwwerketten d’Liewen erschwéiert. De Ruff vun de Konsumenten no méi Transparenz a Verantwortung an der Kakaoindustrie ass méi grouss ginn. Och d’Politik beméit sech ëm Verännerung. An awer fält et de Verbraucher schwéier den Hiersteller an hiren Produkter ze vertrauen.

Produkter sinn zertifiéiert, mee et freet een sech awer – wéi kann ech sécher sinn, datt d’Baueren den Ursprong vum Geld och erhalen? De Startup Koa, dee Liewensmëtteloffäll aus der Kakaosproduktioun verwäert, huet sech zum Zil gesat, Transparenzstandards opzebriechen a Konsumente méi Gewëssheet ze bidden.

« Mir wëlle laang, ontransparent Liwwerketten ofschafen », betount den Anian Schreiber, Geschäftsféierer an Matgrënner vu Koa.

« Aplaz gutt Geschäftspraktiken ze behaapten, leeë mir d’Kaarten op den Dësch a loossen d’Konsumenten all Bezuelung u Kakaosbaueren agesinn. »

Koa ass bekannt dofir, dat wäisst Fruchtfleesch vun de Kakaosbounen ze verwäerten an esou d’Akommes vu ghanaesche Klengbaueren däitlech ze erhéijen. Domat bidden si eng Léisung zur Aarmutsbekämpfung. Si kooperéiere mat 2.200 Kakaosbaueren a wëllen an den nächsten 2 Joer weider 10.000 Baueren an de System integréieren.

Hei zu Lëtzebuerg ass de Bäcker a Konditor Jeff Oberweis deen éischte mat dësem System. Domat ass hien de Virreider um Wee zur vollstänneger Transparenz. Mat engem QR-Code gëtt de Konsument op eng virtuell Rees geschéckt. Zeréck bei den Ursprong vum Produkt.

*matgedeelt vu KOA

Dernières nouvelles