Weltdag vun der Ëmweltbildung: T’ass dach fir ze laachen … (Kommentar)

Nodeems am Juni 1972 bei der Weltëmweltkonferenz vun de Vereenten Natiounen zu Stockholm 26 Prinzippien opgestallt goufen, fir d’Ëmwelt ze schützen, gouf de 26. Januar zum Weltdag vun der Ëmweltbildung ernannt. Déi ambitiéis Prinzippien, déi well 50 Joer um Bockel hunn, erweise sech leider nees als Dokument ouni Gewiicht.

Festgehale gouf beispillsweis, datt eis natierlech Ressourcen – vu Loft, Waasser a Land bis hin zur Flora a Fauna – geschützt, an duerch de richtege Management och fir zukünfteg Generatiounen erhale musse ginn. E witzegt Wonschdenken, wann een emol berécksiichtegt, datt de Mënsch zu engem ëmmer méi konsumfreedege Liewewiesen mutéiert, ouni Récksiicht op Verloschter.

Alt nees steet Lëtzebuerg op der zweeter Plaz vum Earth Overshoot Day. An dësem Joer wäerte mir schonn de 14. Februar – knapp zwee Méint nodeem dat neit Joer ugefaangen huet! – all eis Ressource verbraucht hunn. Fir d’Belsch ass et de 26. Mäerz, fir Däitschland de 4. Mee a kuerz hannendru komme Portugal, Frankräich a Spuenien.

Natierlech ginn ëmmer méi Initiativen an d’Liewe geruff, fir eise Planéit an dat, wat d’Äerd ze bidden huet, ze schützen. Mat Bléck op dat, wat d’Politiker am Bezuch op de Klimawandel decidéieren an och ëmsetzen, ass et awer einfach nëmmen lachhaft.

Punkt 4. vun de Prinzippien beseet, datt Entwécklungslänner ënnerstëtzt musse ginn, fir esou de Sputt tëscht deenen, déi alles an nach méi hunn zu deenen, déi net ausräichend mat Liewensmëttel versuergt ginn, keng Bildung kréien an och schlechte bis guer keen Accès op Gesondheetsservicer kréien.

Ma, wärend 811 Millioune Mënsche weltwäit Honger leiden, gëtt een Drëttel vun de produzéierte Liewensmëttel ewechgehäit. Wärend fir eis am Supermarché ëmmer all Produit verfügbar muss sinn, pompelt Nestlé Waasser do of, wou esou schonn oft extreem Dréchenten sinn, just fir datt mir ofgefëllte Waasser an der Plastikfläsch drénke kënnen.

A wärend an eiser Géigend jidderengem d’Recht op Bildung garantéiert gëtt, hätten a méi aarme Länner Kanner d’Méiglechkeet an d’Schoul ze goen, mussen awer schonn am jonken Alter schwéier schaffen, dat beispillsweis fir Materialien wéi Tantal, Wolfram a Gold ze extrahéieren, déi an eisen Handyen a Computere genotzt ginn. Ouni hir Ausbeutung wier eise Massekonsum dach net méiglech – op alle Fall net fir e bëllege Präis.

E weidert Beispill ass de Prinzip 26. „D’Mënschheet a seng Ëmwelt musse virun den Effekter vun nukleare Waffen an all anerer Massevernichtung verschount ginn.“ Dofir missten all esou Waffen eliminéiert a komplett zerstéiert ginn. Ech erënneren hei emol gären un den Atomwaffeverbuetsvertrag TPNW, deen den 22. Januar 2021 a Kraaft getrueden ass.

Membere verflichte sech ënnert anerem keng Atomwaffen ze entwéckelen, ze testen, ze produzéieren, anzesetzen, ze lageren oder mat engem Ugrëff ze dreeën. Ënnerzeechent a ratifizéiert gouf d’Ofkommes allerdéngs vu kenger Groussmuecht. Wien an der NATO ass, dierf de facto den atomare Waffen net de Réck zoudréien. Et kéint jo emol zu engem Ugrëff kommen, wou ee sech anstänneg wiere wëll.

De Weltdag vun der Ëmweltbildung ze notzen, fir d’Opmierksamkeet op en nohaltegen a récksiichtsvollen Ëmgang mat eisem Planéit ze zéien ass gutt gemengt. Trotz all eisen innovative Méiglechkeeten, vun der Fuerschung a Wëssenschaft, der Technologie bis hin zu deem, wat mir aus vergaangene Katastrophen geléiert hunn, ass de Mënsch trotzdeem ze blöd eppes aus all deem Wëssen a Kënnen ze maachen. En zerstéiert sech léiwer viru selwer.

Annexe:

Dernières nouvelles