Impf’o’Day am Athénée – Alles wat een zur Impfung wësse soll

Am Kader vun der Impfwoch, bei där landeswäit a Pop-Up-Statiounen gratis an ouni Rendez-vous géint Covid-19 vaccinéiert gëtt, wäert e Samschdeg am Athénée d’Informatiouns-Evenement IMPF’O’DAY stattfannen.

Bei der hybrider Veranstaltung – se kann also op der Plaz besicht, awer och iwwert de Computer verfollegt ginn – stinn zwou Konferenze mat Diskussiounsronn um Programm. Divers Experten aus der Santé schwätzen iwwert d’Impfung géint de Covid-19 an äntweren op d’Froe vun der Ëffentlechkeet.

Eng éischt Konferenz fënnt vun 10 bis 12 Auer statt a riicht sech u Persounen aus dem Gesondheets- a Fleegeberäich. Mat dobäi sinn d’Dr Isabel De La Fuente Garcia, den Dr Thomas Dentzer, de Christophe Dohm, den Dr Claude Muller, den Dr Jean-Claude Schmit an den Dr Gérard Schockmel.

Eng zweet Konferenz gëtt vun 13 bis 14:30 Auer fir déi breet Ëffentlechkeet organiséiert. Ënnert den Invitéeën sinn den Dr Charles Benoy, d’Dr Isabel De La Fuente Garcia, den Dr Thomas Dentzer, den Dr Claude Muller, den Dr Jean-Claude Schmit, den Dr Gérard Schockmel an d’Annick Schons.

Wärend d’Evenement op Lëtzebuergesch vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert ageleet gëtt, kënnen d’Diskussiounen an Erklärungen uschléissend op 5 Sproochen (Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Englesch a Portugisesch) ofgehale ginn. Schliisslech soll jiddereen et verstoen.

Wien deelhuele wëll sollt sech nach bis den Owend 18 Auer iwwert signin.lu/impfoday-dir-frot-mir-antweren aschreiwen. Dës weidere kann d’Evenement op YouTube verfollegt ginn. D’Participatioun ass gratis, allerdéngs gëllt bei der Participatioun op der Plaz de CovidCheck-Regimm (3G).

Vun 13 bis 17 Auer wäerten och eng Rei Infostänn zur Verfügung stoen. Hei gëllt kee CovidCheck, allerdéngs ass d’Mask obligatoresch an déi 2 Meter Distanz sollen agehale ginn.

Dernières nouvelles