Operatioun Demeter VII: 74 Verstéiss bei 8 Kontrollen

Am Oktober hunn d‘Ëmweltverwaltung an d‘Douanesverwaltung Kontrolle vum grenziwwerschreidenden Offalltransport ugeuerdent. Esou sinn op der A3 (Diddeleng Zoufftgen) an op der Wemperhaart zur Belscher Grenz hin ganzer 99 Camionen iwwerpréift ginn.

Zum engen hunn d‘Beamten gekuckt, ob déi noutwenneg Autorisatiounen an Dokumenter virhande waren, fir den Offalltransport duerchzeféieren. Dobäi kënnen och d‘Identitéit vum Chauffeur an den Offall selwer méi genee ënnert d‘Lupp geholl ginn.

grenziwwerschreidenden Offalltransport
Kontroll vum grenziwwerschreidenden Offalltransport op der Wemperhaart © AEV

Dobäi hunn dës Kontrollen 3 Zwecker. Illegal Offalltransporter solle festgestallt a verhënnert ginn, geféierlech Offäll solle sécher an uerdnungsgeméiss gehandhabt an d‘Pffallbehandlungsprozesser optiméiert ginn.

Insgesamt sinn 58 Camionen negativ opgefall. Ganzer 74 Verstéiss goufe bei den 8 Kontrolle gezielt.

Dernières nouvelles