Keng Kanner, keng Mënschlechkeet?

Bei der Generalaudienz vu gëschter huet de Poopst Franziskus schaarf Kritik u Koppelen ouni Kanner, respektiv mat just engem Kand ausgeüübt. Eis Zivilisatioun géif verweesen a verléiere Mënschlechkeet ze weisen.

„Vill, vill Koppelen hu keng Kanner, well si net wëllen, oder si hunn eent an net méi – mee si hunn zwee Hënn, zwou Kazen“, sou de Poopst e Mëttwoch. Koppele géifen d’Gléck vum Eltere-Sinn verleugnen an de Räichtum, deen een duerch Kanner kritt, vergiessen.

Ma, och Koppelen, déi nëmmen ee Kand hunn, respektiv aus Grënn keng kënne kréien, ginn ugegraff. Wéi et aus sengen Aussoen ervirgeet, kéinte just Elteren mat op mannst zwee Kanner an de Genoss vum gléckleche Familljeliewe kommen. Adoptioun wier do natierlech och eng gutt Optioun.

Esou ënnersträicht hien: „Mir dierfe keng Angscht hunn, de Wee vun der Adoptioun ze wielen an de Risiko anzegoen, Kanner opzehuelen.“

Et géif dorëm goen d’Liewen ze schenken an een ze hunn, deen do ass, wann ee selwer al gëtt. Zousätzlech wier et awer och e Geste fir dat eegent Land. „Wéi emol een humorvoll sot: A wie bezillt elo d’Steiere fir meng Pensioun, wann et keng Kanner ginn? Hien huet gelaacht, mee et ass d’Wouerecht. Wie wäert sech ëm mech këmmeren?“ erkläert de Geeschtlechen.

De Chef vun der réimesch-kathoulescher Kierch, 266. Bëschof vu Roum an domat och Poopst, dee mam biergerlechen Numm Jorge Mario Bergoglio heescht, hat selwer véier méi jonk Gesëschter. Als Dénger vu Gott musse sech déi Geeschtlech un den Zölibat halen an dierfe sech domat net bestueden a keng Famill grënnen. Ëmsou méi absurd erschéngt engem dem Poopst Franziskus seng Kritik …

Dernières nouvelles