Eng Erënnerungsplack un d’Weimeschkiercher Lakerten

Dëse Mëttwoch Muerge gëtt beim Weimeschkiercher Kulturzentrum “Am Duerf” eng Plack an e Panneau mat Erklärungen ageweit fir un d’Lompekréimer aus deem Quartier, och nach Lakerten genannt, an hir besonnesch Sprooch ze erënneren.

D’Wierk gouf geschafe vun der Künstlerin Myriam Schmit a geet zréck op eng Motioun an der Stater Gemengerotssitzung vum 10. Juli 2017. Doran haten d’Gemengeréit vun déi Lénk, op Wonsch vu Weimeschkiercher a Millebaacher Awunner, e Lakerten– a Jéinesch–Monument gefrot.

déi Lénk Stad begréissen natierlech d’Realisatioun vun dësem Uleies a betounen d’Wichtegkeet, d’Erënnerung un d’Liewensweis, d’Sprooch an d’Aarbecht vun de verschiddene Stater Quartieren hiren Awunner fir déi nächst Generatioune waakreg ze halen, a se och deene villen Net-Lëtzebuerger, déi bei eis wunnen, méi no ze bréngen.

184 Familljen an der Aler Gemeng Eech a virun allem zu Weimeschkierch hunn um Enn vum 19. Joerhonnert vum Lompesammele gelieft a si hunn bis an d’zwanzegst Joerhonnert eran d’Lakerschmus – och nach Jéinesch genannt – geschwat, wouvun et verschidde Wierder, wéi zum Beispill Kitten = Geld oder Moss = Fra, Meedchen, oder och nach Straubejitzert = Coiffeur, an d’Alldaglëtzebuergescht gepackt hunn.

An deem Kontext kënne mer d’Broschür “Mir dibbere Jéinesch” mat DVD, “vun engem Lakert geschriwwen , geschwat a gesongen”, nämlech dem Änder Bausch, deen am August 2016 leider vill ze fréi gestuerwen ass, nëmme recommandéieren.

An engem vu senge Gedichter schreift en :

“Waars du e Lompekréimer, dann has du net d’grousst Lous,
däi Liewen, dat war schaffen, näischt fält dir an de Schouss,
D’Zäit, déi ännert, mä et gëtt et nach,
déi eng déi kréien d’Mëllech an déi aner kréien d’Brach.”

Recht huet hien!

Matgedeelt vun déi Lénk Stad


Annexe:

Dernières nouvelles