Zesumme mat hirem däitsche Partner vun der DRF-Loftrettung hëlleft d‘Lëtzebuerger Air Rescue, de Moment Covid19-Patienten an Däitschland ze verleeën.
Dëst passéiert a Begleedung vun héichspezialiséiertem medezinesche Personal. D‘Intensivpatiente ginn aus de staark iwwerlaaschte Klinicken an aner Spideeler mat bessere Kapazitéite geflunn. Dobäi ginn dës Transporter mat speziell ausgestatte LAR-Ambulanzjets (Learjet 45 XR) ausgefouert.
An der Loftrettung ass d‘Lëtzebuerger Air Rescue schonn zanter Joren am Asaz. Duerch hir aussergewéinlech Déngschter gouf si am leschte Joer (2020) mam Adenauer-De Gaulle-Preis ausgezeechent.
*matgedeelt vu LAR