„Stay The Same“ – Den drëtten Album vum Lata Gouveia

Mat „Stay The Same“ kënnt den 21. Januar 2022 eng weider musikalesch Pärel fir d’Fans vun amerikanescher Pop-Rock eraus. En éischte Virgeschmaach bitt de Lata Gouveia schonn elo unhand vun 3 Singles.

„Fir mech war et eng fantastesch Erfarung mat engem super Produzent an enger Dram-Band“, schreift den Artist an de soziale Medien. Zesumme mam Jeff Herr op der Batterie, dem Paul Porcelli op der Gittar an dem Daniela Kruger um Bass sinn 10 Wierker entstanen déi an e puer Wochen um drëtte Studioalbum ze fanne wäerte sinn.

Een Dag no der Release kënne Fans sech „Stay The Same“ live an der Rockhal ulauschteren, an zesumme mam Grupp an dem Lata seng American Pop-Rock Welt andauchen, bei deene sech un den 80er-Hits vu Billy Idol, Bruce Springsteen, Tom Petty a ville méi inspiréiert gouf.

Well d’Show ënnert dem 2G-Regimm steet wäert, de Lata Gouveia awer keen ausschléisse wëll, huet hien ugekënnegt seng CD an de Wochen a Méint no der Verëffentlechung perséinlech bei d’Keefer an d’Fans zu Lëtzebuerg ze bréngen. Esou kënnt de Museker senge Fans e Stéck méi no, a sécherlech wäert dobäi och dat eent oder anert méi intensiivt Gespréich zustane kommen.

Lata Gouveia mat "Stay the same"
Lata Gouveia / Facebook

De Lata Gouveia ass international ënnerwee, zënter datt hien op dëser Welt ass. Gebuer zu Lissabon ass hien zu Guine-Bissau (Westafrika), Lëtzebuerg a London opgewuess, huet tëschenduerch an Amerika gewunnt an ass schliisslech zeréck an Europa komm.

Schonn an den 90er Joren ass de Museker a Clubs a Bars opgetrueden, stoung bei verschidden Evenementer op der Bün a war och zu Lëtzebuerg den Headliner vun esou munche Festivals. Bis ewell konnt de Lata esou mat Kënschtler wéi dem Sting, Keiffer Sutherland a villen aneren d’Passioun fir d’Musek live ausliewen.

Am Joer 2015 huet de Lata Gouveia schliisslech d’Asbl The Grund Club Luxembourg gegrënnt, mam Zil musikalesch Performancen, professionell Artisten a Singer-Songwriter aus dem Groussherzogtum z’ënnerstëtzen an zesumme mat hinnen e Song Katalog opzebauen.

„Stay The Same“ gouf am Holtz Studio opgeholl, co-produzéiert vum Charles Stoltz a steet ënnert dem däitsche Label Timezone Records.

Dernières nouvelles