Mir gedenken enger Kung Fu-Legend

Den David Carradine war een US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent. An de 70er Joren ass hien mat der Serie « Kung Fu » bekannt ginn.

Leider ass den talentéierte Mann, den 3 Juni 2009 ënnert dramateschen Ëmstänn vun eis gaangen. Hien war fir Dréiaarbechten zu Bangkok.

Huet hien sech d’Liewe geholl? Iwwert säin Doud gëtt nach ëmmer vill spekuléiert.

Deen deemools 72 ale Schauspiller ass doudeg a senger Hotelsuite fonnt ginn. Anscheinend soten thailännesch Polizisten, hien hätt ee Stréck ëm den Hals gehat. Dem Carradine seng Agenten hunn dat dementéiert. Bis elo ass nach alles onkloer.

No senge Kung-Fu-Joeren huet de Quentin Tarantino dem Schauspiller zu engem erfollegräiche Comeback verhollef. Hien war an de Joren 2003/4 Deel vun der legendärer « Kill Bill Vol. 1 & 2 »-Crew. Fir d’lescht war den David Carradine am Film « Crank 2: High Voltage » zu gesinn. Den Jason Statham hat d’Haaptroll.

Et ass d’Figur vun engem Shaolin-Mönch, mat deem déi meeschten Fans hien an Erënnerung halen. A well de Quentin Tarantino him zu besotem Comeback verhollef huet, huet den David Carradine d’Bün um Héichpunkt vu senger Karriär verlooss.

Dernières nouvelles