Dubai2020: De Lëtzebuerger Pavillon mécht säin Tour a virtueller Realitéit

Bis Mäerz 2022 wäert de Lëtzebuerger Pavillon, deen aktuell op der Weltausstellung Dubai2020 eist Land representéiert, a virtueller Realitéit duerch eise Groussherzogtum touren. Haut gouf d‘Wierk am Lëtzebuerg City Museum ageweit, wou en annerhallef Woch ze bestaune wäert sinn, ier en weider Destinatiounen usteiert.

Mat dëser Initiative mécht ee vun den neien Technologie Gebrauch an notzt dës fir d‘Ënnerhalung, d‘Kultur an den Tourismus ze notzen. Zousätzlech gëtt esou e Stéck vum kulturellen Ierwen vu Lëtzebuerg festgehalen, dat iwwert d‘Weltausstellung hinaus. Ma, fir d‘Visiteuren wäert et besonnesch attraktiv sinn, datt ee gratis vun der Offer profitéiere kann a sech net bis an d‘Vereenten Arabesch Emirater deplacéiere muss.

Koordinéiert gouf de Projet vun de Lëtzebuerger Artisten Karolina Markiewicz a Pascal Piron. Haut hu sech de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitalisatioun, d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Marc Scheer, Generalsekretär vum wirtschaftlechen Interessensgrupp Luxembourg@Expo 2020 Dubai dëst Wierk a VR méi genee ugekuckt.

Lëtzebuerger Pavillon a VR
(v.l.n.r.) Marc Scheer, Generalsekretär vum wirtschaftlechen Interessensgrupp Luxembourg@Expo 2020 Dubai; Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch; Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitalisation © MinDigital

Bis ewell sinn 11 Statiounen am ganze Land geplangt, esou datt jiddereen emol de Brëll opsetzen a sech de Lëtzebuerger Pavillon ganz no ukucken dierf. Mat dobäi sinn ënnert anerem och e Besuch am Shopping Center Maassen (21.November 2021), an der Belle Etoile (26.-28.11.2021), am Shopping Center Kierchbierg (14. a 15. Januar 2022) oder och am Topaze (25. a 26. Februar 2022).

All Statiounen an Datumer sinn op www.vr-dubai2020.lu ze fannen. De Minister Hansen huet an dësem Kader dem Syvicol och virgeschloen allen interesséierte Gemengen dës Offer zur Verfügung ze stellen.

Dernières nouvelles