Staatlech Analyse weisen: Ze héich Pestizidbelaaschtung vun de Liewensmëttel

Just biologesch produzéiert ass praktesch ouni Réckstänn!

Et ass gewosst: Pestizide si matverantwortlech fir d‘Beien- an Insektestierwen. Och ass bekannt, datt se gesondheetsgefäerdend fir d’Mënsche sinn.

De Lëtzebuerger Gesondheetsministère léisst dofir säit Joren d’Belaaschtung vu Liewensmëttel op Pestiziden ënnersichen. Mat zum Deel erniichternde Resultater, déi weisen, wéi wichteg et ass, datt den Asaz vu Pestiziden däitlech reduzéiert gëtt. Mee den eenzele Verbraucher ass net machtlos, wéi d’Analyse weisen.

Resultater vun de Pestizidanalysen (2020): Zum Deel immens héich Belaaschtungen

Insgesamt huet de Ministère 480 Prouwe vu Produite mat planzlechem an déiereschem Ursprong, sou wéi Produite vun Akerkulturen ënnersicht. D’Stéchprouwe waren agedeelt an 35,1 % Uebst, 28 % Geméis, 9,8 % Kär, 7,9 % Téi a Kaffi sou wéi aner Liewensmëttel. Dovu komme 16,1 % aus lokaler Produktioun, 33,6 % aus aneren EU-Memberlänner, 38,8 % aus Länner ausserhalb vun der EU an 11,8 % vun de Prouwen haten en onbekannten Ursprong. Bei 10,8 % vun alle Prouwen huet et sech ëm biologesch zertifiéiert Produite gehandelt.

De Rapport, sou wéi déi frëndlecherweis vum Gesondheetsministère zur Verfügung gestallten detailléiert Resultater vun den Analysen enthalen immens opschlossräich, awer och deelweis bedenklech Erkenntnisser iwwer d’Belaaschtung vun eise Liewensmëttel mat Pestiziden.

Bio-zertifiéiert Produiten aus Lëtzebuerg net belaascht, auslännesch Bio-Produite just ganz geréng

Déi gutt Noriicht: 100 % vun de Stéchprouwe vu Bio-Produiten aus heemescher Produktioun waren ouni Réckstänn. D’Schlussfolgerung ass deemno eendeiteg: Et lount sech, biologesch Produiten ze kafen, a grad och déi, déi zu Lëtzebuerg produzéiert goufen.

Och 100 % vum am Ausland produzéierte biologesch zertifiéierten Uebst a Geméis ware fräi vun alle Réckstänn. Zwou Prouwe vu Sesamkäre waren déi eenzeg Bio-Produiten, déi Réckstänn vun engem Pestizid enthalen hunn, ouni dobäi déi zoulässeg Grenzwäerter ze iwwerschreiden.

Konventionell Produite méi staark belaascht

Anescht gesäit d’Situatioun dogéint an der konventioneller Produktioun aus. 39,4 % vun de Prouwen aus heemescher konventioneller Produktioun weise Réckstänn op. Dëse Prozentsaz ass erfreelecherweis méi niddreg wéi den Duerchschnëtt vun allen ënnersichte konventionelle Prouwen, déi zu 52,2 % Réckstänn enthalen hunn.

Besonnesch Uebst aus konventioneller Landwirtschaft ass besonnesch heefeg belaascht. Bei alle Prouwe vu Kiischten, Äerdbier a Quetschen goufe Réckstänn gewisen, meeschtens vu méi Pestizide gläichzäiteg. Och Orangen (91 %), Äppel (91 %), Bieren (87 %) an Drauwen (82 %) weisen oft Réckstänn op.

5,2 % vun der konventioneller Produktioun musse souguer wéinst Iwwerschreidung vun de maximal zoulässegen Héchstwäerter aus dem Verkéier gezu ginn.

Erfreelecherweis huet just ee Produit (Zwiwwelen) aus heemescher Produktioun missen aus dem Verkéier gezu ginn Bei dëser Prouf gouf allerdéngs eng 30-fach (!) Iwwerschreidung vum zoulässege maximale Réckstandsgehalt vun engem Wierkstoff nogewisen, deen als Wuesstemsreguléirer bei Gromperen (!) zougelooss ass.

Exotesch Friichten sinn oft belaascht

Besonnesch iwwert d’Feierdeeg um Enn des Jores sinn exotesch Friichte beléift. Kommen d’Produiten net aus bio-zertifiéierter Hierstellung, beleet de Rapport, datt an alle 16 Prouwe vu folgende Friichte Réckstänn nogewise goufen: Avocadoen, Guaven, Physalis, Longanfriichten, Nashi-Bieren, Papayas, Passiounsfruucht, Pomelo, Tamarillo.

Vill Verschidden an zum Deel an der EU verbuede Pestiziden nogewisen

Iwwer 155 verschidde Substanze goufen an de Prouwen nogewisen! Ënnert den 8 laut Bericht am heefegste fonnte Wierkstoffer (6 Fungiziden an 2 Insektiziden) hu sech der e puer befonnt, déi no de Krittäre bei der Weltgesondheetsorganisatioun WHO als héichgeféierlech agestuuft ginn:

  • TEBUCONAZOLE: akut héich toxesch, reproduktiounstoxesch a warscheinlech kriibserreegend;
  • CAPTAN: warscheinlech kriibserreegend;
  • IMIDACLOPRID: héichgëfteg fir Beien.

De Rapport vum Gesondheetsministère verschweigt leider eng wichteg Zuel: a 25 % vun de Prouwe goufe Réckstänn vu Wierkstoffer nogewisen, déi an der EU net zougelooss sinn! Esou Uwendungsverbueter ginn an der Reegel verhänkt, wann d’Wierkstoffer nogewisenermoossen als héich gesondheets- oder ëmweltschiedlech agestuuft ginn.

Trotzdeem huet d’EU-Gesetzgebung erlaabt, datt Produiten, déi mat dëse Substanze belaascht sinn, an d’EU importéiert kënne ginn, esou fern déi maximal Réckstandgehalter agehale ginn. Säit Joren bemängele vill Ëmweltverbänn dëse Widdersproch an der europäescher Gesetzgebung a fuerderen méi streng Reegele beim Import vu Liewensmëttel, och fir d’europäesch Bauere virum onfairem Wettbewerb ze schützen.

Och ass heibäi Doppelzüngigkeet vun esou munchen EU-Memberstaaten ze kritiséieren, déi weiderhin héichgëfteg Pestiziden, déi an der EU net méi zougelooss sinn, produzéieren an an Drëttlänner exportéieren. Eleng am Joer 2018 goufen iwwer 80.000 Tonnen vun esou Pestiziden an Drëttlänner exportéiert!

Pestizid-Cocktails a Liewensmëttel

Och d’Tatsaach, datt e Liewensmëttel en grouss Unzuel vu verschidde (Gëft)Stoffer enthale kann an awer de gesetzleche Virschrëften entsprécht, ass säit laangem en Theema. Déi kombinéiert Expositioun géigeniwwer vu méi Pestiziden an déi kumuléierbar Risikobewäertung vun esou enger Expositioun géigeniwwer engem „Pestizidcocktail“ ass weder fir Mënschen nach fir Déieren (z.B. Beien) gereegelt.

Pestizidbelaaschtung
© Sandy Millar / unsplash

Eenzel Liewensmëttel dierfe soumat méi verschidde Wierkstoffer enthalen, woubäi all eenzele Wierkstoff vläicht zougelooss ass, mee déi kombinéierbar Wierkung vu méi Substanzen net Géigestand vun den aktuelle Risikoanalysen ass. Wëssenschaftlech Bewäertungen zu Risike vu chemesche Stoffer a Liewens- a Fuddermëttel ginn an der EU bis ewell nämlech just eenzel gekuckt.

Mir sinn awer all Dag diverse chemesche Stoffer aus verschiddenste Quellen ausgesat. Ënnert Ëmstänn kann dobäi déi kombinéiert Toxicitéit méi héich sinn wéi déi vun Eenzelen, mat méiglechen Auswierkungen op eis Gesondheet.

D’EFSA huet eréischt domat ugefaangen, sech mat de sougenannte „Pestizid-Cocktails“ ze befaassen. Opgrond vun de villen zougeloossene Pestizide misst d’Risikobewäertung zum Deel eng riseg Zuel vu Wierkstoffkombinatioune berécksiichtegen. Eng ofschléissend Bewäertung vu Risiken vun alle méigleche Pestizidcocktails ass deemno och an Zukunft immens onwarscheinlech.

Fazit: Den Asaz vu Pestiziden enorm reduzéieren – méiglechst lokal produzéiert a biologesch zertifiéiert Produite kafen!

De Rapport vum Gesondheetsministère beleet eendeiteg, datt just lokal produzéiert, a biologesch zertifiéiert Produite fräi vu Pestizidréckstänn sinn! D’Schlussfolgerung läit op der Hand: Als Verbraucher soll een esou wäit wéi méiglech lokal produzéiert biologesch zertifiéiert Produite kafen! A wa konventionell, dann op mannst déi lokal Produite virzéien.

Doduerch dränge sech och weider Schlussfolgerungen op: Zu Lëtzebuerg selwer muss den Asaz vu Pestiziden an der konventioneller Landwirtschaft weider immens reduzéiert ginn. Dobäi ass de Landwirtschaftsministère gefuerdert, den Aktiounsplang Pestizide méi konsequent ëmzesetzen a virun allem am Entworf vum nationale Strategieplang nei Akzenter an dësem Sënn setzen.

Mee och de Gesondheetsministère ass gefuerdert. De Ministère kann an dierf et net bei der Erfaassung vu Belaaschtunge beloossen! D’KonsumentInne musse konsequent informéiert ginn an e verstäerkten Dialog mat de Produzenten am Kader vun enger ëmfaassender Berodungsoffer an d’Weeër geleet ginn.

An net zulescht muss den Import vun toxesch belaaschte Liewensmëttel, virun allem ier se an den Handel kommen, vill méi streng gereegelt ginn an jee nodeem sanktionéiert ginn.

Matgedeelt vum Mouvement Ecologique

Annexe:

Dernières nouvelles