FAO alarméiert iwwer Liewensmëttelknappheet am Afghanistan

D‘Welternierungsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen (FAO) warnt virun enger humanitärer Katastroph an der jonker Islamescher Republik Afghanistan. Op d‘Mannst 18,8 Millioune Leit wieren direkt betraff, also net an der Lag sech selwer mat Liewensmëttel ze versuergen. Domadder net genuch, d‘Reie vun de Mënschen déi Honger leide fëllen sech deeglech…

Ob et, wei dat dann elo hei vun der UN-Institutioun duergestallt gëtt; eenzeg un enger Dréchent, der Wirtschaftskris an dem Zesummebroch vun de landwirtschaftleche Betriber geleeën ass? Ëmmerhi war d‘Land iwwer Joerzéngten ewech vun den Arméie vun de féierende Wirtschaftsnatioune besat. A wärend der Besatzung schéngt all dës Problemer net esou gehat ze hunn. Wéi geet sech dat op?

Dat kann och den FAO-Direkter Qu Dongyu aus politesche Grënn net erklären, säi Job beschränkt sech drop alarméiert ze sinn. Dobäi vergeet kaum eng Woch ouni datt Hëllefen a Milliardenhéicht annoncéiert ginn. An deem zum Trotz, liewe Milliounen Afghanen um Rand vun enger Katastroph, déi antriede wäert, well d‘Véi verreckt an d‘Aker net bewirtschaft ginn. Sinn elo d‘Taliban schold?

Afghanistan

Hëllef an Ofhängegkeet

Eng Fro déi den Qu Dongyu net ze këmmeren huet, och wann aktuell d‘Taliban a folgerichteg déi Islamesch Republik Afghanistan, nach net vun der UN unerkannt ass. D‘FAO jiddefalls notéiert, datt et méi Investitiounen an d‘Landwirtschaft brauch: Et brauch Som, Düngemëttel a Pestiziden, Boergeld an Hëllefe fir de landwirtschaftleche Betrib oprecht ze erhalen. Dat huet awer säi Präis…

Afghanistan

An hei gëtt et interessant: Mat enger Investitioun a beispillsweis ee sougenannten Hëllefspak, mat deem enger afghanescher Bauerefamill fir 140 Euro den Ubau vu Weess erméiglecht gëtt, kéint dës hire Joresbedarf u Kären decken. Leider bréngt esou eppes gewësse Wirtschaftsacteuren net esouvill Profit, wéi d‘Hëllefsliwwerungen. Wann eng Bauerefamill näischt ubaue kann, läit de Präis vun der Hëllef déi gebraucht gëtt bei ronn 950 Euro, dat ass awer grad emol genuch datt se net erhéngeren.

D‘FAO weist drop hin, datt ee mat eppes iwwert 100 Milliounen Euro, zur Finanzéierung vun hire Programmer (Wanter/Fréijoer) an nach emol 75 Millioune fir de Rescht vun 2022, d‘Problemer hei léisen an esouguer eng gewëssen Autonomie hierstelle kéint. Elo kritt d‘Weltgemeinschaft awer net emol déi 160 Milliounen US-Dollar zesumme fir d‘Kris op Haiti nohalteg ze léisen. Domm gelaf?

mat indymedia/rom

Dernières nouvelles