Artisteschen Austausch: Den Alain Welter zu Lissabon

Den Artist Alain Welter, deen a senger Heemescht Lëtzebuerg fir seng fantastesch Illustratiounen a Freske bekannt an zu Recht beléift ass, weist elo och wäit iwwert d‘Grenzen hinaus, wat fir en Talent an him stécht. Mat senger Fresk, déi aktuell un enger Mauer zu Lissabon entsteet, zitt hien d‘Opmierksamkeet op d‘Konscht a representéiert gläichzäiteg de Groussherzogtum.

Ma, wéi d‘Kulturfabik matgedeelt huet, koum et a leschter Minutt nach zu enger Ännerung. Déi eigentlech fir d‘Interventioun virgesinne Mauer um Eck vun der Rua de Sao Paulo an der Rua Boavista konnt bemol net méi fir dëse Projet genotzt ginn. D‘Partner hunn awer schnell eng Léisung fonnt an esou dierf den Artist sech gutt 2,5 Kilometer weider, an der Rua da Bombarda ausliewen.

Dem Alain Welter seng Mëschungen aus Persounen, Déieren an Typographie, sou wéi Humor an Traditioun iwwerzeegen. Esou huet de Kënschtler beispillsweis am Kader vu „Make Koler Kooler“ e ganzt Duerf faarweg akleeden, d‘Killtierm zu Déifferdeng verschéineren an des lescht och 10 TICE-Busser mat engem artisteschen Design verschéineren dierfen.

Wärend de Lëtzebuerger zu Lissabon um Schaffen ass, ass déi portugisesch Artistin Mariana Duarte Santos am Quartier Lalleng aktiv a léisst duerch eng Kollaboratioun vun der Asbl Escher Kulturnuecht, der Kulturfabrik, dem C2DH; der Uni.lu fir d‘Escher Kulturnuecht eng participativ Fresk entstoen.

Dernières nouvelles