Literareschen Dënschdeg an der Stad

D‘Cité Bibliothéik an der Stad Lëtzebuerg luet den 7. Dezember um 18:30 Auer op hire bekannte literareschen Dënschdeg an.

Dei lëtzebuergesch Auteure Jeff Schinker an Tom Nisse liesen aus hiren zwee franséischsproochege Bicher „Ma vie sous les tentes“, „Ruisseau de sel“ an dem lëtzebuergesche Buch „Kaz am Saz“ vir.

D’Bicher si bei den Hydre éditions verëffentlecht ginn.

De literareschen Owend ass wéi gewinnt gratis, d’Reservatioun ass allerdéngs obligatoresch. Dës kann iwwer Telefon 4796 2732 oder Email bibliotheque@vdl.lu erfollegen. D‘Anhale vun de sanitäre Sécherheetsmoossnamen ass Flicht.

Dernières nouvelles