Loftraum am Kader vun Nationalfeierdag deelweis gespaart

Am Kader vun den Aktivitéite fir Nationalfeierdag wäert um 16., 22. an 23. Juni e Fluchverbuet fir en Deel vum Loftraum gëllen. Heizou gehéiert och e Fluchverbuet fir Dronen a Loftschëffer.

De 16. Juni, sou wéi den 23. Juni wäert dës Moossname wärend 3 Stonnen an der Kontrollzon vum Findel an och am Loftraum „NORTH“ gëllen. Den 22. Juni ab 14 Auer, wéi och den 23. Juni wärend dem ganzen Dag ass de Loftraum „CITY“ gespaart.

Detailer zu de Loftraim ginn et op map.geoportail.lu.

Dernières nouvelles