Haut ass Mammendag

De Mammendag ass, net esou wéi mir dat dacks mengen eng Iddi aus dem Eenzelhandel oder der Blummenindustrie – tatsächlech gouf dësen Dag scho bei den ale Griiche zelebréiert.

Och am fréien 13. Joerhonnert huet England de sougenannte mothering sunday agefouert, mee sou richteg populär gouf Mammendag eréischt nom Joer 1872, wéi d’Fraenrechtlerin Julia W. Howe en offiziellen Feierdag fir Frae gefuerdert huet. No hirem Doud huet d’Duechter Ann Marie Reeves Jarvis gekämpft, fir datt dësen Dag zu Éieren vun de Mammen am Kalenner reservéiert gëtt.

An dat gouf belount. Am Joer 1914 war et souwäit – all zweete Sonndeg am Mee gouf offiziell zum nationalen Éierendag fir Mammen ernannt. Iergendwann huet sech dës Traditioun och an der westlecher Welt etabléiert.

Hei zu Lëtzebuerg ass Mammendag den zweete Sonndeg am Juni.

Typesch Kaddoe fir Mammendag si Blummen a Knippecher sou wéi selwer gemaachte Geschenker. Vill Kanner schenken hire Mammen awer nëmme Léift, woubäi dat Wuert « nëmmen » net richteg ass. Well Léift ass alles.

Duerch déi sanitär Moossname fält Mammendag bei ville Leit an d’Waasser, ma et ass méiglech ze improviséieren. E klenge Spadséiergang mat der néideger Distanz ass sécherlech méiglech – frësch Loft ass gesond! A well Erënnerunge fir d’Éiwegkeet sinn, heescht et sech un all Moment festzehalen.

Och an engem Videochat ass et méiglech e gudde Patt mat der Mamm ze drénken an en Gesellschaftsspill ze spillen. Et ass ganz egal fir wat een sech entscheet, dat Wichtegst ass dach, datt een Zäit mat senger Mamm verbréngt, well och si huet Zäit investéiert. An zwar an Dausende vu Wëndelen, si huet nuets net geschlof fir eis ze tréischten, si kann en Liblingsiessen am Beschte kachen, gutt sangen a richt am beschten.

Villäicht hudd Dir och keng Mamm méi fir de Mammendag ze verbréngen. Wärend Frënn sech fir de Besuch bei der Mamm preparéieren, kaft Dir eng eenzel Rous fir se op hiert Graf ze leeën. Eng kleng Auszäit vum Alldag wär hei net verkéiert. Sech an Erënnerunge verléieren an un schéin Zäiten denken.

Eventuell sidd dir och selwer Mamm – et ass egal wéi mir den Dag feieren, mir kënnen eist Liewen trotzdeem genéissen an ob dat zeréckblécken, wat mir haten. Et deet nämlech gutt al Traditioune weiderzeféieren.

Leider verdéngt net all Mamm hiren Titel. Schlëmm Saache si passéiert an et besteet kee Kontakt méi. Wann dat de Fall ass, da wënschen ech Iech ënnere Fridden.

Net all Wonn kann heelen, mee et ass méiglech mat engem Läinzeechen ze liewen. A wann een sou schlëmm blesséiert ginn ass, dann ass d’Ofkapselung déi richteg Entscheedung gewiescht. Wichteg ass, datt et Mënschen an Ärem Liewe ginn, déi Iech d’Gefill vun Doheem vermëttelen a fir Iech do sinn. An dat net nëmme Mammendag.

Näischt kann eng Mamm ersetzen. Dat ass haart. Déi batter Wourecht.

A genee dofir wënschen ech jidderengem e schéine Mammendag. Et ass eisen Dag.

Dernières nouvelles