Mëllerdall goes UNESCO: E ganze Programm fir ze feieren!

D‘Regioun Mëllerdall, seng eenzegaarteg Fielslandschaften an Natur, zesumme mat de villen Aktivitéiten, Attraktiounen an Informatiounen hunn op all Linn iwwerzeegt! Zanter Abrëll 2022 gehéiert den Natur- a Geopark Mëllerdall (NGPM) nämlech zu dem Netzwierk vun den UNESCO Global Geoparks. An dat soll elo grouss gefeiert ginn.

Nodeems d‘Kandidatur vun 2017 net zeréckbehale gouf, huet d‘Ekipp vum NGPM net opginn, un de Kritikpunkte geschafft an d‘Aventure nach emol gewot. Am Oktober 2021 hu schliisslech zwee Experten d‘Géigend méi genee ënnert d‘Lupp geholl an den 13. Abrëll 2022 koum dunn déi freedeg Nouvelle: Ënnert den 8 Regiounen, déi vum Exekutivrot vun der UNESCO fir d‘UNESCO Global Geoparks ugeholl goufen, ass och de Mëllerdall dobäi.

Domat zielt d‘Netzwierk elo 177 Memberen a 46 Länner. Esou erhält den NGPM elo weltwäit Opmierksamkeet. En natierlecht a kulturellt Ierwen gëtt mat senger ganzer Schéinheet iwwert d‘Grenzen hinaus an de Fokus geréckelt.

D‘Aarbecht huet sech ausbezuelt

Vum 30. Mee bis de 5. Juni 2022 soll gefeiert ginn. Ugebuede gi beispillsweis e Pub Quiz, en Atelier fir eng Nisthilfe fir Wëllbeien ze bauen, eng Genosswanderung fir déi lokal an héichqualitativ Produiten aus der Géigend kennenzeléieren oder och guidéiert Visitten mat Informatiounen zu de beandrockendste Plazen am Mëllerdall.

Fir d‘Majoritéit vun den Aktivitéite muss ee sech am viraus umellen. Weider Detailer dozou kritt Dir am Programmheftchen #mëllerdallgoesunesco.

Dernières nouvelles