Et stierwen nach ëmmer Mënschen un der Covid19-Infektioun

Et ass Freideg an den Owend gëtt et nees eng „Marche Blanche“ fir sech géint de verstoppten Impfzwang zur Wier ze setzen. Elo sollt een awer kënne gutt halen, datt dës däreg Infektioun fir ongeimpft Mënsche mat „Pathologien“ jo awer liewensbedreelech ass. Datt d‘Wierkung séier noléisst, sollt allerdéngs den Notze selwer elo net a Fro stellen, esou d‘Medezinner.

Hei dierf och nach emol drop higewise ginn, datt mir hei am Land schonn de leschte Weekend zwee weider Affer vum Covid19 ze bekloen haten. Och an de leschte 24 Stonnen huet et zwee weider Affer ginn. Domadder klemmt de Bilan op 854 Stierffäll. Et brauch een och nëmmen iwwert eis Grenzen ewech ze kucken, fir ze erkennen, datt d‘Infektiounszuelen exponentiell klammen.

Bei den neien Infektioune schéngt et sech „ze halen“. Hat et um Mëttwoch nach 347 nei Fäll, esou waren an de leschte 24 Stonnen nëmmen nach 243, dat fir 3.218 Tester. Um Donneschdeg louchen 38 Persounen am Spidol (23 op der Statioun/ 15 op de Intensivstatioun), dat sinn der dräi manner wéi nach e Mëttwoch. Um Mëttwoch goufen och 2.178 Impfdosen am Land administréiert.

Wann et elo och net populär ass, et geet net ouni kleng Remark: Wa gewosst ass, datt de Vaccin just virun engem schwéiere Krankheetsverlaf schützt an déi geimpften sech net méi Teste loossen, ass ee gutt berode bei gréisserem Mënschenopkommen seng Mask oder de Buff opzesetzen. Déi geimpfte Leit ouni Symptomer si jo potentiell Iwwerdréier. Anersäits mécht jo awer jidderee wéi e wëll…

Illustratioun: © Brian McGowan / unsplash

Dernières nouvelles