Eng eenzegaarteg Entdeckung an der Sammlung vum natur musée!

Ier muer den offiziellen éischten Dag vum beléifte Science Festival zelebréiert gëtt, huet den natur musée e weidere Grond ze feieren. Ee vun hire Fuerscher huet eng nei Mineralien-Aart identifizéiert. Dobäi gouf d‘Prouf schonn an de 60er entholl an ass zënter 2017 am Besëtz vum Musée.

Aktuelle sinn iwwer 4.750 verschidden Zorte vu Mineralien bekannt. Anescht wéi an der Biologie oder der Fuerschung vu Liewewiesen ass d‘Entdeckung vun engem neie Mineral eng richteg Seelenheet. Ëmsou méi houfreg ass d‘Ekipp vum natur musée iwwert de Scharfsënn vun hirem tschechesche Kolleeg Jacub Plasil, deen e méi geneeë Bléck an d‘Kollektioun geworf huet.

Déi nei Mineralien-Aart dréit den Numm „Lepersonnit-(Nd)“ a steet a Verbindung mam „Lepersonnit-(Gd)“, deen 1982 vum Michel Deliens beschriwwe gouf. Beim „Lepersonnit-(Gd)“ handelt et sech ëm en immens seelent Mineral aus der Klass vun de Carbonater an Nitrater, dat zudeem nach radioaktiv ass.

Nei Mineralien-Aart entdeckt
De Lepersonnig-(Nd) © MNHN

Äusserlech kann ee quasi keen Ënnerscheet tëscht den zwee Mineralie feststellen. Wärend sech an dem engen awer Gadolinium (dohier och Gd) befënnt, ass am rezent identifizéierte Mineral Neodym (dohier Nd) noweisbar. Ma, den Echantillon vum elo nei beschriwwene Mineral gouf an de 60er Jore vum Philippe Virlet an der Minn vu Swambo an der Demokratescher Republik Kongo gesammelt. Viru véier Joer ass seng ganz Kollektioun un den Nationalmusée fir Naturgeschicht zu Lëtzebuerg iwwerreecht ginn.

Am Oktober konnt dëse besonnesche Fonnt vun der Kommissioun fir nei Aarten vun der International Mineralogical Association validéiert ginn an ass elo ënnert der Referenz 2021-066 ze fannen. Méi Detailer wäert et deemnächst am Newsketter vum European Journal of Mineralogy ginn.

Dernières nouvelles