#MuseumSelfieDay: T’ass internationale Musée-Selfie-Dag!

Hutt Dir schonn emol eng Foto vun Iech selwer an Ärer Begleedung am Musée gemaach? Wa jo, dann ass haut de groussen Dag komm se ze verëffentlechen. Wann net, da gëtt et héich Zäit. Haut ass nämlech den internationalen Musée-Selfie-Dag.

Zanter dem Joer 2014 gëtt dëse kulturellen Aktiounsdag all drëtte Mëttwoch am Januar zelebréiert. Dobäi solle virun allem de Spaass, awer och d’Muséeën mat hiren zuelräiche Sammlungen, Wierker an dem domat verbonnene Wëssen am Fokus stoen. Vum Visiteur, iwwert d’Mataarbechter an d’Leeder vun esou enger Ariichtung, hin zu Touristen a virwëtzege Leit, ka jidderee mat senger Foto um Museum-Selfie-Day deelhuelen.

#MuseumSelfieDay
E puer Andréck, wat een op Twitter ënnert dem Hashtag #MuseumSelfieDay fënnt.

An d’Liewe geruff gouf dësen Hommage un d’Muséeën virun 8 Joer vun der US-Amerikanerin Mar Dixon an dem internationale Portal fir Musées-Mataarbechter „Culture Themes“. Iwwert dës Websäit soll d’Opmierksamkeet – wéi den Numm et scho seet – op d’Kultur geriicht ginn. Iergendwann koum d’Iddi, datt op Twitter all Mount ënnert engem spezifesche Motto steet an dobäi een passenden Hashtag vertruede gëtt.

Nieft den Hashtags #AskACurator, #WhyILoveMuseums a #MusMovember ass schliisslech och den #MuseumSelfieDay entstanen. D’Thema fir de Januar stoung domat fest an d’Ëffentlechkeet hat e Grond méi Fotoe vu sech selwer ze maachen an dës ze deelen. Dobäi muss d’Opnam net onbedéngt haut entstoen. All interesséiert Persoun kann och e Selfie presentéieren, dee scho méi al ass.

#MuseumSelfieDay

Och zu Lëtzebuerg wier dat dach eng super Initiative. Vum naturmusée, iwwert de MUDAM, de Casino Luxembourg an den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, iwwert de Lëtzebuerg City Museum, d’Thillenvogtei oder och de Musée Dräi Eechelen gëtt op nationalem Niveau eng Hellewull un Themen, Exponaten a Sammlunge gebueden.

Dernières nouvelles