6.801 Persoune kruten am leschte Joer d’Lëtzebuerger Nationalitéit

Am vergaangene Joer hunn 6.801 Persounen d’Lëtzebuerger Nationalitéit kritt, dat 4.558 Mol per Optioun, 1.363 Mol per Recouvrement an 880 Mol per Naturalisatioun.

Si ënnerdeele sech haaptsächlech an 1.704 Persoune mat franséische Wuerzelen, 1.141 Persoune mat portugisesche Wuerzelen an 844 Persounen aus der Belsch. Weider 289 Kandidate kommen aus Däitschland, 283 aus Italien an 201 aus Groussbritannien.

Am Verglach zu de leschte Joren ass dësen Total erofgaangen, wat de Justizministère doduerch erkläert, datt sech duerch d’Restriktiounen vill Kandidaten, déi am Ausland wunnen (Brasilien, USA,…) , net deplacéiere konnten fir d’Formalitéiten am Groussherzogtum ze erleedegen.

Annexe:

Dernières nouvelles