Komplizéiert Ofschlosserklärung fir d‘COP26

Bei der Weltklimakonferenz zu Glasgow zéien sech d‘Verhandlungen an d‘Längt

Um Freideg (fir d‘Zukunft) konnten sech d‘Vertrieder vun de ronn 200 Natiounen nach net op eng sougenannten Ofschlosserklärung verstännegen. Dat ass näischt Ongewinntes, dëse Prinzip ass bal alle Sommeten unhänglech. Et huet dann awer am Owend Aussoe ginn, déi drop schléisse loossen, datt um haitege Samschdeg nach emol iwwert en Entworf soll berode ginn.

COP26

Eng Plenarsëtzung ass fir 11 Auer annoncéiert ginn. Leeft et gutt kéint schonn am Nomëtteg esou eppes wéi en Ofschloss erwaart ginn. Ëmweltverbänn an Aktivisten hu virun enger Verwässerung vum Text gewarnt. Déi grouss Majoritéit vun den un der COP26 bedeelegten „Acteuren“ – wann hei dierf vun de Lobbyisten Abstraktioun gemaach ginn – wëllen en erfollegräichen Ofschloss.

Dat ass esou eigentlech zanter Paräis 2015 de Fall an ëmmer goufen d‘Weltklimakonferenzen an d‘Verlängerung geschéckt. Dat erkläert sech engersäits duerch d‘Proposen an d‘Awänn vun enge 40.000 Delegéierten an de Vertrieder vun 200 Natiounen. Elo kënnen sech all dës Mënschen, déi wëssen datt ënnert den aktuelle Viraussetzungen d‘Äerderwiermung net méi opzehalen ass, jo awer net dohinner stellen an der Welt erklären, firwat et och mat allen Technologien net klappe kann.

COP26

A well d‘Honoratioren ëmmer emol déi eegen Interessen an de Virdergrond stellen, bleiwen nach just d‘Aktivisten iwwreg, fir d‘Fakten op den Dësch ze leeën an ze denoncéieren. An de Stroosse vu Glasgow hu si déi „Mächteg“ als Brandstëfter duergestallt. Verständlech, gouf dach d‘Fuerderung zum Ausstig aus der Kuel an d‘Enn vun der Subventioun vu fossillen Energieträger „verluecht“…

Déi däitsch Klimaaktivistin Luisa Neubauer: „Näischt vun deem wat hei an der Ofschlosserklärung opgeholl gëtt, entsprécht dem humanitären a zäitlechen Drock, ënnert deem mir stinn“. Dat ass esou ganz treffend formuléiert, well d‘Virlag vu Klimaschutzpläng bleift weiderhi fakultativ – op der COP26 zitt een d‘Definitioun „Fräiwëlleg“ vir. Och d‘Finanzhëllef vir aarm Länner bleift ee ganz fräiwëllege Gest. Eleng dës zwee Punkte weisen, datt och dës COP keng Verbesserung brénge kann.

mat indymedia/gla

Foto: De fréieren US-President Barack Obama am Zwiegespréich mam President vun der COP26, Alok Sharma. © COP26

Dernières nouvelles