Dem Olaf säi groussen Defi

30 Milliounen Impfunge bis Chrëschtdag, dat ass en ambitiéist Zil, och fir en däitsche Kanzler

D‘Leit solle geimpft ginn, egal op déi éischt Dosis, déi zweet oder de sougenannte Booster. Et wier dem Olaf Scholz am léifsten, wa bis zum Fest 30 Milliounen Impfdosissen an enger gläich grousser Unzuel vun Ueweräerm versenkt géifen. Mee ass datt realistesch?

Wann ee sech dohi setzt an a Rou norechent, kënnt ee séier zum Schluss, datt de „Cum-ex“ Kanzler an am reale Liewen aktive Wirtschaftsaffekot, mam Adam Riese am Clinch Läit. Et ass jo och net schlëmm wann e Regierungschef net Rechne kann, well streng geholl geet jo nëmmen ëm politesch Aussoen. An der neier Regierung ass gewosst, datt 30 Milliounen Impfungen net ze maache sinn.

30 Milliounen Impfunge

Bezitt ee sech op d‘Zuele vun dëser Woch, kënnt ee mat eppes guddem Wëllen op 800.000 „Picken“ den Dag. Et bréicht awer 1,3 Milliounen Infektiounen den Dag. Ass dat dann onméiglech? Nujee, hëlt ee sech de Rekord vir, net wierklech. Den 9. Juni hat et bei eisen däitschen Noperen an engem Dag 1,4 Millioune Covid19-Impfunge ginn. Technesch a punktuell wier dat ganzt scho méiglech.

An dann ass do jo och nach de geschäftsféierende Gesondheetsminister Jens Spahn (CDU), dee verséchert hat, datt et ausräichend Impfstoffer hätt. De konservative Politiker iwwert déi ganz Mandatszäit villes gesot, wat an de Beräich „Utopie“ gehéiert. Stand haut jiddefalls ass, datt eng ganz Rëtsch un Impfzentren an Doktesch-Praxissen sech bekloen, well „kee Stoff“ virräteg ass.

30 Milliounen Impfunge

Als zousätzlechen Hiwäis dorobber, datt dem Olaf Scholz seng Rechnung net opgoe kann: a ville Ballungsgebidder kritt ee kee Rendez-vous virum Februar; et feelt u medezineschem Personal fir d‘Impfdosissen – also déi wou et gëtt – ze verofreechen an d‘Kiischt um Kuch, sinn d‘Schlaange vun „Impfwëllegen“ virun den Impfzentren. Huet déi nei Regierung eppes aner Informatiounen?

Impfflicht wier eng gutt Saach

Wann elo ersiichtlech ass, datt dat mat den 30 Milliounen Dosisse bis zum Reveillon éischter net klappen dierft, esou soll jo, dat zumindest ass de Wonsch vum Kanzler a senger Regierungsekipp, ab Februar d‘Impfflicht an Däitschland a Kraaft trieden. D‘Éisträicher hu sech scho fir dëse Wee entscheet, an eigentlech wier et politesch nëmme Konsequent dee Wee och zu Lëtzebuerg ze goen.

30 Milliounen Impfunge

Esou eng Impfflicht wier jo och net Contraire zu de Rechter, jiddefalls gesinn dat d‘Riichter vum Verfassungsgeriicht zu Kassel esou. Déi hunn allerdéngs och festgehalen, datt Ausgangsspären a Schoulschléissungen net am Aklang mam bestoende Recht sinn. D‘Politik huet d‘Recht, aus Siicht vun der Verfassung, zum Wuel vun der Gemeinschaft an d‘Grondrechter vun eenzelen anzegräifen.

Dem Olaf Scholz säi Virstouss a Richtung Impfflicht, koum jo och onmëttelbar nom Riichtersproch aus Kassel. Beim liberale Koalitiounspartner hat et bis zum Urteel aus Kassel eng gewësse Form vu Widderstand, elo wäert sech awer net méi widdersat ginn. Et soll allerdéngs kee Fraktiounszwang beim Vott zur Impfflicht ginn. Eng Majoritéit dierft awer dësem Impf-Gesetz scho sécher sinn..


Natierlech huet een och Zu Bréissel eng Meenung zur allgemenger Impfflicht op EU-Niveau

Bis et dann awer zum Gesetz kënnt, gëtt och bei eisen däitschen Noperen d‘Léngt ugezunn. Et gëllt quasi ee Lockdown fir déi Ongeimpft (och do waren d‘Éisträicher Virreider), dat iwwert den Ëmwee vun der 2G-Reegel an alle beräicher vum ëffentleche Liewen. Ongeimpft dierf een sech nëmmen nach Saache vum deegleche Bedarf besuergen a vläicht Schaffen. Alles anescht geet net.

mat indymedia/ber

Dernières nouvelles