Och ouni Pabeieren hu Migrante Rechter!

Viru sechs Méint huet de Fall vun enger jonker Brasilianerin d’Opmierksamkeet an de Medien op sech gezunn, nodeems si Plainte géint hire Patron gefouert huet. De Grond war Gewalt an Ausbeutung.

Dono krut déi jonk Fra de Pass entzunn an huet vum Immigratiouns- an Ausseministère een « Ofschibebescheed » wéinst enger feelender Openthaltsgeneemegung erhalen.

Den 28. Juni huet den Ausseminister Jean Asselborn, no enger parlamentarescher Fro decidéiert, d‘ Ofschibung vun dëser Fra auszesetzen. De 26. November huet ASTI, déi d‘Regulariséierung vum Affer iwwerholl huet, eng positiv Äntwert vum Immigratiounsministère kritt.

Déi jonk Fra gëtt op Grondlag vum Artikel 98bis vum Gesetz iwwert d‘Awanderung legaliséiert. Deen am Joer 2018 opgehollen Artikel gesäit d‘Méiglechkeet datt d‘Affer d‘Openthaltsgeneemegung kritt, well ënner Ëmstänn eng illegal Strofdot géint Beschäftegungsverbuet vun illegale Mënschen aus den Drëttstaaten besteet.

Dëst ass déi éischte Kéier datt enger Persoun eng Openthaltserlabnes mat dësem Artikel ausgestallt gouf. An dëst ass e ganz wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung an e fundamentale Message fir d‘Affer: Och ondokumentéiert Migranten hu Rechter!

Och wann ASTI d’Uwendung vum Artikel 98bis am konkrete Fall vun der jonker brasilianescher Fra begréisst, huet dee Fall eis och gewisen, datt et nach ëmmer Lücken an der Gestioun vu Fäll vu Gewalt an Ausbeutung géint Migranten ouni Openthaltserlabnes gëtt.

An Erwaardung vun enger Äntwert vun der Direktioun vun der Immigratioun, kritt d‘Affer (esoulaang et net ënnert de Programm vum Mënschenhandel fält) weder finanziell, nach psychosozial Ënnerstëtzung. War d‘Affer beim Patron ënnerbruecht, kritt et keen aneren Ënnerdaach ugebueden. Am Fall vun der jonker Brasilianerin konnt si duerch déi grouss Solidaritéit vun eenzele Persounen an der Nierungsmëttelhëllef vun ASTI iwwerliewen.

Migranten, déi Affer vu Gewalt an Aarbechtsausbeutung ginn, kréien seele Gerechtegkeet. Fir dat ze änneren ass et essentiell hir eenzegaarteg Ëmstänn ze berécksiichtegen. Virun allem muss sech méi op d’Präventioun konzentréiert ginn an de Betraffen muss d’Méiglechkeet gebuede ginn, hier Stëmm ze erhiewen, ouni sech a Gefor ze bréngen.

Et wier wichteg sécherzestellen, datt eng ondokumentéiert Persoun, déi eng Situatioun vu Gewalt oder Ausbeutung denoncéiert, net kann an hiert Hierkonftsland deportéiert ginn.

Am Kader vun der Orange Week, déi op een Enn geet, an dem Mënscherechtsdag, deen dëse Freideg, den 10. Dezember gefeiert gëtt, fuerdert d‘ASTI d‘Grënnung vun Aarbechtsgruppen aus de verschiddene betraffene Ministèren an aus der Associatiounswelt.

Dës Zesummenaarbecht ass néideg, fir datt d‘Reflexioun iwwer déi méiglech Léisunge vun der Situatioun um Terrain gemaach ka ginn. D’Bekämpfung vun der Ausbeutung vu Migranten, besonnesch vu Fraen, a Gewalt géint si kann nëmme wierklech stattfannen, wann ondokumentéiert Affer aktiv encouragéiert ginn iwwer hir Situatioun ze schwätzen, ouni sech selwer ze kriminaliséieren.

*matgedeelt vun ASTI asbl

Dernières nouvelles