Fir eng méi entspaante Mobilitéit: Den neie Park+Ride zu Schweebech

De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbecht informéiert, datt zanter dem 8. November een neie Park and Ride zu Schweebech laanscht d‘Nationalstrooss 12 a Betrib ass.

Dëse soll ënnert anerem dobäi hëllefen, ee Stau bei der Arrivée an d‘Stad ze verhënneren. Dësen neie Parking, deen iwwregens gratis ass an all Dag wärend 24 Stonnen op huet, ka bis zu 80 Gefierer ënnerbréngen. Dës weidere verfüügt de P+R iwwer 4 Chargy-Luedstatiounen a 4 Superchargerluedstatiounen. Och Parkplazen fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit fannen hei hier Plaz.

Bei der Planung gouf selbstverständlech och un d‘Chauffeure geduecht, déi mam Auto a mam Vëlo ënnerwee sinn. Nieft dem Parking steet een mBox-Käfeg. Dësen huet Plaz fir 32 Vëloen. Dobäi ass den Zougang iwwert d’mKaart méiglech. D‘Demande dofir kann ee ganz einfach op der Websäit www.m-box.lu maachen.

D‘Käschte fir de ganze Projet, deen ee Joer an Usproch geholl huet, belafe sech op 2 Milliounen Euro. D‘Beplanzung ass net dobäi gerechent.

Folgend RGTR-Buslinne wäerten deen neie P+R bedéngen:

• Linn 267: Lëtzebuerg − Sëll − Mäerzeg (via Räichel)
• Linn 437: Miersch − Sëll − Uewerpallen (via Kaalmes)
• Linn 529: Lëtzebuerg − Bilschdref
• Linn 590: Lëtzebuerg − Tënten − Maartel
• Linn 595: Luxembourg − Tënten − Rambruch − Bungeref

Och dës Schoulbusser bleiwe beim Park and Ride zu Schweebech stoen:

• Linn 266: Lëtzebuerg − Sëll – Réiden un der Attert
• Linn 585: Brouch − Réiden un der Attert/Lycée
• Linn 586: Sëll − Réiden un der Attert/Lycée

Dernières nouvelles