Covid19: D‘Germanen hu weder e Plang nach eng Regierung

An Däitschland ginn d’Infektiounszuelen duerch de Plaffong, an d‘Ministerkonferenz kënnt zum Schluss, datt et wuel net ganz esou gescheit kéint sinn, um Auslafe vun der epidemiologescher Noutlag festzehalen. Dat mengt jiddefalls de Ministerpresident vu Nordrhein-Westfalen Hendrik Wüst (CDU), dee bis zum Regierungswiessel sengem Virgänger seng Mesure guttgehalen huet.

Elo ass awer dëse Politiker mam Charme vun enger Koloskopie de Virsëtzende vun der Konferenz an d‘Unioun beherrscht 10 vun de 16 Landesregierungen. A wa gewosst ass, datt d‘CDU/CSU an déi sougenannt Ampel-Koalitioun just eegen Interessen, an net déi vum däitsche Vollek vertrieden, dierft et spannend bleiwen, wat dann elo weiderhi géint d‘Verbreedung vum Covid19 gemaach gëtt.

Covid19

An et presséiert bekanntlech eppes, zumindest wann et géif stëmmen, datt an gewëssen däitsche Spideeler schonn de sougenannten „Triage“ ugefaangen hätt. Haut soll dann och am Bundestag, de Gesetzprojet vun der „Tricolore“ beroden/ofgestëmmt ginn, mat deem et Bundeswäit zu enger Verschäerfung vun de Covid19-Schutzmoossname komme sollt. Schéngt u sech simpel ze sinn.

Woubäi „einfach“ an der Politik ass gläichbedeitend mat „sozial“ an der Wirtschaft. Et ass wichteg elo déi entspriechend Gesetzgrondlagen schaffen, an dat sollt virum 25. November geschéien, wou jo déi „epidemiologesch Lag vun nationalem Ausmooss“ ausleeft. Wat ass dann elo geplangt a wéi verhält et sech mat der Autonomie vun de Bundeslänner an der Decisiounssouveränitéit vun dësen?

Dat hunn se wëlles

Ëffentlechen Transport: am Bus an am Zuch soll zukünfteg déi sougenannt 3G-Reegel ugewannt ginn. De Plang ass, datt et zu Stéchprouwe soll kommen, dat bei der Kontroll op een ee gültegen Ticket huet. Dës Mesure soll och fir Inlandsflich gëllen, net awer an Taxien oder beim Transport vun de Schüler.

Op der Schaff: och eis däitsch Nopere wëllen d‘3G-Reegel op der Schaff (bei eis heescht dat jo CovidCheck) aféieren, datt fir all déi wou Kontakt zu anere Mënschen hunn. De Patron huet d‘Verflichtung Kontrollen anzeféieren. Wien net geimpft oder geheelt ass muss dann all Dag en negativen Test virleeën. Wie sech weigert „kann“ an den Télétravail geschéckt, oder – wat wuel éischter gefälleg ass – ouni Loun „fräigestallt“ ginn, esouguer d‘Kënnegung soll méiglech sinn.

Gesondheetssecteur: an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer gëllt elo, datt wien net geimpft oder geheelt ass, sech och all Dag muss teste loossen, wie geimpft oder geheelt ass, muss sech nëmmen all zweeten Dag teste loossen. Wien dës Institutioune „besicht“ muss ëmmer en negativen Test bei sech hunn, egal op geimpft oder geheelt.

Fälschung vum Zertifikat: wien Covid19-Tester oder Zertifikater (geimpft/geheelt) fälscht soll méi haart bestrooft kënne ginn. Geduecht gëtt u bis zu fënnef Joer feste Prisong. Bestrooft sollen och all déi Persoune ginn, déi ee gefälschten Zertifikat an der Apdikt, op der Schaff an esouguer am „private Beräich“ virleeën.

Wat soss nach an der Leitung hänkt

Déi eenzel Bundeslänner sollen net méi d‘Efforte vun der Bundesregierung (och wann et där den Ament keng huet) sabotéiere kënnen, esou de Wonsch vun der neier Majoritéit. Et heescht awer, datt déi regional Parlamenter: d‘Kontakter beschränken, Veranstaltungen ofsoen a Schoulen zou maache kënnen, wann et zu engem Ausbroch kënnt. D‘Länner bestëmmen och op am ëffentleche Raum d‘2G- oder d‘§G-Reegel gëllt. Méiglech ass och d‘Uwennung vum 2G+, da mussen och déi geimpft a geheelt en negativen Test virleeën.

Covid19

Anersäits soll et net méi méiglech sinn Ausgangsspären anzeféieren oder eng generaliséiert Schléissung vun de Schoulen an/oder de Betriber aus dem Horesca-Secteur. Wéi elo SPD, FDP an déi Grünen dat wëllen ëm- a virun allem duerchsetzen, ergëtt sech haut am Bundestag.

Well d‘CDU/CDU riicht an hire Stiwwele steet, huet dës bipolar Fraktioun schonn emol wësse gelooss, datt een dëse Gesetzprojet net wäert matstëmmen. Dat ass strikt politesch motivéiert a muss net weider erläutert ginn. Zudeem ass et pupegal, well d‘Koalitioun huet genuch Stëmmen. Méi komplizéiert dierft et sinn d‘Zoustëmmung vum Bundesrat (muer Freideg) ze kréien. Hei huet déi oppositionell CDU/CSU jo bekanntlech d‘Majoritéit.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Claudio Schwarz / unsplash

Dernières nouvelles