Gefaangen op enger Shell-Plattform am Mier

D’M.V. Louise Michel ass zeréck um Mier a gouf um Owend vum 3. Januar 2022 direkt op en Asaz geschéckt, fir Mënscheliewen ze retten. Iwwerdeems waren ëm 70 Persounen op der Shell-Plattform MISKAR gefaangen.

Fréier war d’Louise Michel e Schëff vun der franséischer Marine, gëtt awer mëttlerweil als onofhängegt High-Speed Rettungsschëff am Mëttelmier genotzt. Besonnesch opfälleg sinn seng pink Faarf en e Konschtwierk vum Graffiti-Artist Banksy.

Nodeems den Opklärungsfliger Seabird zuelräich Persounen op engem klengen Holzboot um oppene Mier entdeckt huet, gouf d’Louise Michel direkt kontaktéiert, fir si ze retten. D’Wierder sollt sech nämlech am Laf vum Owend weider verschlechteren, wat zum Ënnergang vum Boot hätt kënne féieren.

Gefaangen op enger Shell-Plattform am Mier
© Felix Weiss / Sea-Watch

E Mëttwoch krute si dunn den Hafen vu Lampedusa zougewisen. D’Mënschen u Bord konnte gëschter schliisslech u Land goen. Iwwerdeems huet sech eng weider Tragödie um Mier zougedroen …

Am Golf vu Gabès (Tunesien) hunn ëm 70 Persounen Schutz op enger Ueleg-Plattform vu Shell gesicht. D’Maltesesch Autoritéite goufe kontaktéiert, an obwuel d’Plattform an enger europäescher SAR-Zon (Search and Rescue) läit, huet Malta all Kommunikatioun verweigert.

Schliisslech huet en tunesescht Krichsschëff sech op de Wee gemaach – net fir ze retten, mee fir en illegale Pullback ze lancéieren. Laut der Genfer Konventioun dierfe Staaten déi flüchtend Mënschen net zeréck an hir Heemecht bréngen, wann hinne Mënscherechtsverletzungen dreeën.

Gefaangen op enger Shell-Plattform am Mier
Sea-Watch International / Twitter

Ma, genee un dëse Mënscherechtsverletzungen hunn och Shell an d’Europäesch Autoritéite sech elo mat verantwortlech gemaach …

Dernières nouvelles