Juni, de Pride Month

Fir méi Toleranz

Am Juni fënnt de Pride Mount statt- ma dat ass et villäicht eng gutt Iddi e puer Zeilen ze schreiwen, sou leien déi onmënschlech ungaresch Gesetzer an homophob Kommentaren engem dach batter um Mo. Et misst iwwerall méi Toleranz ginn.

Eigentlech ass de Juni eng wichteg Zäit fir d’LGBTQ+-Community, besonnesch an dësem Mount weisen si op Mëssstänn géint LGBTQ-Leit op der ganzer Welt hinn. Dobäi spillt och de Christopher Street Day eng wichteg Roll, e besteet net nëmmen aus Partyen oder Paraden – et ass ee politesche Message.

An der Nuecht vum 27. op den 28 Juni 1969 huet de sougenannte Stonewall-Opstand stattfonnt. Polizisten hunn gewaltsam eng Bar gestiermt, déi fir Homosexueller geduecht war, vill Persounen hunn sech géint d’Verhaftung gewiert. Et war e wichtege Punkt am Kampf ëm d’Gläichberechtegung, ma en ass nach laang net eriwwer.

Mat « queer » sinn all d’Mënsche gemengt, déi net der heteronormativen Norm entspriechen – also Homosexueller, Lesben, Transsexueller, a sou weider. Och si sollen d’Recht hunn hier Sexualitéit oppen ze feieren. An ze féieren.

Leider ass Homosexualitéit a ville Länner nach ëmmer strofbar, och Gewalt steet un der Dagesuerdnung. Eigentlech sollt d’Villfalt vun der Léift gefeiert ginn, mee leider muss méi Zäit a Protester gestach ginn, well d’Intoleranz ze héich ass. Et soll keen diskriminéiert ginn, Mënsch bleift Mënsch. A Léift bleift Léift. An dat soll net nëmme wärend dem Pride Month am Juni zielen, mee all Dag.

Dernières nouvelles