Haut ass den internationalen Dag géint Rassismus

Dësen Aktiounsdag ass eng Erënnerung un d’Massaker vu Sharpeville am Joer 1960. Bei dësem, hunn sech ronn 200.000 Mënsche versammelt, fir géint d’Apartheid-Regime ze demonstréieren.

Et sollt eng gewaltfräi a friddlech Demonstratioun sinn, mee se ass eskaléiert. Et koum zu Schëss – vun der Police. D’Demonstranten déi a Panik fortlafe wollten, goufen och beschoss. Dobäi sinn 69 Persoune gestuerwen, Honnerte schwéier blesséiert.

Sechs Joer dono huet d’UNO dësen Dag zum Internationalen Dag géint Rassismus ernannt.

Och hautdesdaags erliewe Mënschen dagdeeglech Rassismus. Dat geet iwwert Diskriminéierung bis zu rassistesche Gewaltdoten. Rassistesch Mënsche behaapten, datt eng bestëmmten Aart vu Mënschen, zum Beispill Leit mat wäisser Hautfaarf, besser sinn, ewéi aner Mënschen. Esou gi friem Vëlker, Kulturen a Reliounen, op eng niddreg Stuf gestallt.

Am Laf vun der Geschicht sinn dës Behaaptungen esou angeblech wëssenschaftlech beluecht ginn. Zemools wärend der Zäit vum Nationalsozialismus sinn duerch dës Aussoen ganz Bevëlkerungsgruppen ausgerott ginn. Ma an demokratesche Gesellschaften huet Rassismus keng Plaz.

All Mënsch ass « fräi a gläich » gebuer. Esou sollt et eigentlech sinn. Jiddwereen an eiser villfälteger Gesellschaft soll sech fräi a sécher fillen. Fir dat ze erreechen, muss jiddwereen aktiv géint Rassismus ginn. Mir mussen en all perséinlech huelen, och wa mir net direkt dovunner betraff sinn. Et ass nämlech een Ugrëff op eis all – mat all rassistescher Handlung, gewollt oder net, gi Mënschen ofgewäert an ausgegrenzt.

Dernières nouvelles