D‘Ofholzung vum Reebësch gëtt monter weider

Zu Glasgow, op COP26 haten sech déi brasilianesch Vertrieder vun hirer beschter Säit gewisen an erkläert bis 2030, d‘Ofholze vum Amazonas-Reebësch ze stoppen. War dat gelunn? Well aktuell huelen dës „Aktivitéite“ massiv zu, wéi d‘Satellittenopname weisen. Ëmweltverbänn maachen de faschistoide President Jair Bolsonaro verantwortlech.

Esouguer aus den eegenen offiziellen Zuele vun der brasilianescher Regierung ass erauszeliesen, dat d‘Ofholzung vum Amazonas den héchste Stand zanter 15 Joer erreecht huet. Eleng am Zäitraum vu Juli 2020 bis August 2021, hat et eng Zounam vun 22% géintiwwer dem Virjoer. Bezitt ee sech dann nach op déi schonn ugeschwaten Opname vun de Satellitten, kritt een och d‘Fläch gewisen.

Den Observatiounssystem Prodes vum nationale Weltraumfuerschungsinstitut huet de Verloscht vu Reebësch mat 13.235 Km² nogewisen. Zum Verglach: eist Lëtzebuerg huet eng Fläsch vu grad emol 2.586 Quadratkilometer. Vläicht muss een och drun erënneren, datt iert de Faschist sech mat der Hëllef vun Industrie & Wirtschaft d‘Presidence gekroopt huet, d‘Lag net wierklech roseg war.

An awer, virun 2019, also iert de Jair Bolsonaro säin Ongemaach iwwert d‘Land brénge konnt, huet et scho massiv Ofholzunge ginn. Déi sinn allerdéngs a ganz schlechte Joren net iwwer 10.000 Km² erausgaangen. Tëscht 2009 an 2018 waren et am Schnëtt 6.500 Km² déi järlech verluer goungen. A mam Bolsonaro-Regimm ass dësen op 11.405 Quadratkilometer d‘Joer geklommen. Et leeft also…

Politesch Rieden den Ëmstänn upassen

Fir de Reseau „Climate Observatory“ ass den Diktaturnostalgiker a Covid19-Leegner e Verbriecher an direkt fir d‘Ofholze verantwortlech. Hie géif d‘Rode vum Bësch fërderen – fir déi d‘Wirtschaft stéierend indigen Vëlker verschwannen ze doen – an hätt aus der Zerstéierung vun Natur & Ëmwelt ee politesche Programm gezwaft. Natierlech agesäit de fréiere Fallschiermsprénger dat anescht.

Op enger Konferenz an de Vereenegten Emirater huet sech de Faschist iwwert de béisen Ëmgang mat senger Politik beklot. Hie huet drun erënnert, datt hien et war, dee beim Amtsuntrëtt säi Wuert ginn huet, den Amazonas ze erschléissen. Dës Attacke géint Brasilien sinn onfair an onberechtegt, well de gréissten Deel vum Amazonas weiderhin onberéiert ass. An den Ëmweltminister esou?

De Joaquim Leite huet sengersäits scho missen eppes d‘Fakte berécksiichtegen an zugläich de Spagat hikréien, säi Mentor net op d‘Glatäis ze féieren. An esou erkläert den Ëmweltminister, datt sech unhand den neien Erkenntnisser – gemengt sinn d‘Zuele vum eegenen Institut – tatsächlech eppes wéi eng Erausfuerderung géif opdoen. Et misst ee méi géint d‘Ëmweltkriminalitéit virgoen.

mat indymedia/ccs

Illustratioun: Et ass, streng wirtschaftlech betruecht, net lukrativ d‘Ressourcen a folgerichteg och d‘Ëmwelt ze schützen. © Sebastien Goldberg / unsplash

Annex: Bolsonaro once again uses the UN tribune to lie (Oservatorio do Clima – Eng)

Dernières nouvelles