Expo Ren-Art: Wou d’Liewen an d’Konscht zelebréiert ginn

Bei der multidisziplinärer Ausstellung Ren-Art zu Peppeng stoungen net nëmmen eng ganz Rei Konschtwierker am Mëttelpunkt. Och de Charme vum alen Haus gouf genotzt fir ze weisen, wou gelieft gouf a wéi Kultur weiderhin gelieft ka ginn.

Iwwer 30 Artisten, dorënner bekannten awer och nei Gesiichter, hu sech op 3 Etagen duerfen kënschtleresch entfalen. Dobäi goufen net einfach just Biller un d’Mauer gehaangen, mee mat den Elementer am jeeweilegen Zëmmer gespillt.

Esou hu sech beispillsweis agebaute Schief, d’Bidden am Buedzëmmer, d’Kichen oder och de klenge Raum ënnert den Trapen an originell Galerie verwandelt.

Expo Ren-Art
© Shari Pleimelding / moien.lu

Besonnesch schéi war et, datt bei all Zëmmer nach emol Fotoen houngen, déi gewisen hu wéi et virdrun ausgesinn huet. Et war net nëmmen en Hommage un e Bauwierk, dat d’Geschicht materlieft huet, mee och u seng Bewunner, déi dës Geschichte geschriwwen hunn.

Datt al Haiser nach e leschten Otemzuch a Form vun enger Ausstellungsplaz dierfen huelen ier se ofgerappt, respektiv komplett ëmgeännert ginn, gesäit een hei zu Lëtzebuerg ëmmer erëm. Doduerch kuckt een esou Kollektivexpoen ëmmer mat engem laachenden an engem kräischenden Aen.

Expo Ren-Art
© Shari Pleimelding / moien.lu

Ma, zu Peppeng hunn d’Organisateuren an d’Kënschtler esou en immense Succès erlieft, datt um zweete Weekend vun der Expo Ren-Art d’Ëffnungszäite verlängert, an nach emol ëm een Dag drugehaange gouf.

Dernières nouvelles