Gëllenen Teller fir Restopolis

Den Educatiounsministère deelt mat, datt Restopolis den éischte Gewënner vum „Internationale Gëllenen Teller“ ass. Dat däitscht Netzwierk fir Schoulverfleegung (DNSV) huet dëse Präis verginn.

Esou gëtt déi laangjäreg an erfollegräich Aarbecht an de Schoulkantinnen geéiert. Verdéngt dofir, well Restopolis sech schonn zanter Jore fir eng gesond an nohalteg Ernierung asetzt. Mat der Schoulrentrée 2021 sinn si mam Food4Future-Konzept nach ee weidere Schrëtt an eng gesond Richtung gaangen.

Mat dësem neie Konzept stellt d‘DNSV een europäesche Projet vir, bei deem d‘Verantwortung vum Staat an Zesummenaarbecht mat der Restauratioun, fir eng optimal Schoulverfleegung suergt.

Food4Future heescht net nëmmen nohalteg ze iessen, mee och gesond ze kachen a wa méiglech lokal anzekafen. Dobäi soll am beschten ee Minimum un Offall produzéiert ginn. Et kann ee soen, wat ee wëll – dës Initiativ dréit säin Deel zu enger besserer Zukunft bei. Och esou kann een déi nächst Generatioun sensibiliséieren.

An dësem Kader ginn elo och méi vegetaresch a vegan Menüen ugebueden. Selbstverständlech gëtt Uecht gedoen, datt d’Gäscht zefridde sinn.

„Mir kënnen eis éiergäizeg Ziler nëmmen erreechen, wann eis d’Schüler an d’Schoulpersonal ënnerstëtzen,“ erkläert d’Monique Ludovicy, Direktesch vu Restopolis.

Wat net schmaacht, kënnt also net op den Dësch. Mëttlerweil ass Restopolis fir 87 Schoul- an Universitéitskantinnen zu Lëtzebuerg zoustänneg. Dobäi ginn am Duerchschnëtt ongeféier 30.000 Moolzechten an de Schoulen zerwéiert.

Dernières nouvelles