Am Asaz fir a mat den Ardennerpäerd: D’Robbesscheier gouf ausgezeechent

Fir seng exzellent Haltung an Notzung vun den Ardennerpäerd krut d’Robbesscheier zu Munzen gëschter de Qualitéitslabel RAL iwwerreecht. Mat iwwer 30 Joer Erfarung am Asaz vun dëse Schaffpäerd, souwuel am Bësch wéi och um Feld, huet sech de beléiften Naturerliefniszentrum d’Unerkennung méi wéi verdéngt.

Fir dat däitscht RAL-Gütezeichen ze erhalen, muss souwuel eng aartgerecht Haltung vun de Päerd, wéi och hiert Wuelbefannen an ugepasste Ställ a Paddocks garantéiert ginn. Ma, ginn d’Ardenner zu Mënsbech besonnesch fir touristesch Zwecker genotzt, dat beispillsweis duerch Tier mat de Kutschen a Fiddere vun den Déieren bei pedagogesche Visitten, esou gëtt och haut nach un enger laanger Traditioun festgehalen.

Zanter 2018 ass d’Robbesscheier en offizielle Kompetenzzenter, wou et ëm Bildung an e respektvollen Ëmgang mat der Natur geet. Esou steet „dem Robert seng Scheier“ och ënnert der Schiermherrschaft vum Ëmweltministère.

Iwwregens gouf d’Robbesscheier 1989 duerch eng Initiative vun der lokaler Jugend zu neiem Liewen erwäscht. Deemools war et d’Zil d’Scheier zu engem Treffpunkt mat Café fir d’Duerfbewunner ze maachen. D’Ardennerpäerd sinn dobäi trei Begleeder gewiescht a si schliisslech zum Symbol vun der Robbesscheier an der Géigend ginn.

© Tourist Center Robbesscheier

Mat „Horse Power“ an der Land- a Forstwirtschaft – dat bedeit en nohaltegen a respektvollen Ëmgang mat der Natur. Esou huet d’Aarbecht mat de Päerd beispillsweis positiv Auswierkungen op de Buedem am Bësch. Wat een alles iwwert d’Schäffpäerd an hiren Asaz zu Lëtzebuerg wësse sollt, gëtt een iwwregens och op www.horsepower.lu sou wéi an der Informatiouns-Broschür gewuer.

Wéi schonn méi wäit uewe gesot, gouf ee wichtegt Zil vun der zweeter Projetsphas erreecht. Bis 2024 sinn zousätzlech nach Punkte wéi d’Berodung a Beräicher wéi Méiaarbechten an Naturschutzgebidder, Noséien an der Forstwirtschaft, Schutz vu jonke Planzen a Beem, awer och d’Vernetzung um nationalen an internationalen Niveau mat Acteuren aus deem Beräich, d’Ausbildung vu jonke Leit vum Fach a Moossname fir den Erhalt vun de Kenntnisser geplangt.

Een Datum dee Famillen, Natur- an Déierenfrënn an natierlech och einfach interesséiert Persoune sech onbedéngt mierke sollten, ass de 15. Mee 2022. Um Dag vum Ardennerpäerd gëtt e Fest fir Kleng a Grouss mat villen Aktivitéiten gebueden. Do wäert bestëmmt och d’Comic-Figur Bessi, e jonkt Ardennerpäerd dat de Kanner d’Welt vun den imposanten Déieren méi no bréngt, mat dobäi sinn.

Dernières nouvelles